Schonn no enger hallwer Stonn eriwwerD'Conciliatioun tëscht der FGFC an dem TICE huet ruckelzeg ugefaangen

Marc Hoscheid
Wéinst enger Zort Formfeeler gouf guer net iwwert de Fong geschwat. D'Gewerkschaft vum Gemengepersonal reprochéiert der Direktioun vum Transportsyndikat, ee schlecht Aarbechtsklima ze schafen.
© RTL

Beim Transportsyndikat vum Kanton Esch, kuerz TICE, gëtt et zanter Längerem Sträit tëscht der Personaldelegatioun an der Direktioun. Vun der Personaldelegatioun heescht et, d'Aarbechtskonditiounen hätte sech an deene leschte Joren zolidd verschlechtert. Um Dënschdeg huet eng Conciliatioun ugefaangen, ma vill ass dobäi awer net erauskomm.

FGFC vs TICE - Reportage Marc Hoscheid

Just ronn eng hallef Stonn souzen d'Vertrieder vum TICE-Bureau an d'Delegatioun vun der Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC beieneen. Datt d'Reunioun sou kuerz war, läit der FGFC no un engem Formfeeler an hirem Dossier. Beim TICE gesäit een dat awer anescht, et wier kee Formfeeler, mee d'Requête wier net komplett. Och well de Sträit beim TICE schonn eng zwee Joer laang dauert, hätt ee sech bei der FGFC gewënscht, datt een trotzdeem iwwert de Fong hätt kënne schwätzen. Ma de President vum TICE an éischte Schäffen zu Keel Marco Lux gesäit dat anescht.

"Dat ass alles schéin a gutt, mee wann d'FGFC iwwert hiren Affekot dat doten net esou ragëtt, wéi dat vum Gesetz virgesinn ass, da kënne mir dat net akzeptéieren an da musse mir deen do Dossier déi nächste Kéier en due et bonne forme do leien hunn."

Ee vun den Haaptkritikpunkte vun der Gewerkschaft vun der FGFC ass, datt den TICE net genuch Personal hätt. Dono gefrot, wéi vill Leit dann aktuell beim Syndikat schaffen a wéi vill Leit gebraucht ginn, äntwert den Théo Schickes, President vun der Personaldelegatioun beim TICE dat heiten:

"Am Mäerz hate mer an deem Kontext gefrot, fir déi genau Zuelen ze kréien, déi genau Berechnungen, wat am Fuerdéngscht gebraucht gëtt. Mir waren och e bëssi iwwerrascht, datt eng Publikatioun gemaach ginn ass, fir Leit anzestellen, doriwwer ware mer och net informéiert. Mir hu gefrot, wéi vill Leit den TICE da lo am Endeffekt braucht, ech schwätze lo vum Fuerdéngscht a vum Atelier, do hu mer lo dräi Méint méi spéit nach ëmmer keng Äntwert."

Aktuell kritt ee quasi all Mount eng Demande, fir sech berufflech nei ze orientéieren. Datt d'Leit, anescht wéi fréier, net méi hir ganz Karriär beim TICE maache wéilten, wier zu engem gudden Deel dorobber zeréckzeféieren, datt d'Direktioun iwwerdriwwe streng a mësstrauesch wier. "Mir ware lo um Conseil discipline mat 7 Mataarbechter, déi potenziell Fautes graves ënnerstallt kruten, déi 7 si fräigesprach ginn. Dat ass och ee risege Problem, mir erwaarden eis einfach de Sozialdialog erëm, datt bei soi-disant Klengegkeeten net direkt den decken Hummer erausgeholl gëtt, mee datt mat de Leit geschwat gëtt an dat intern gereegelt gëtt. Well mir sinn och net frou, all Woch, krass gesot, an der Zeitung ze stoen."

Dem Marco Lux no hëlt een am Bureau vum TICE d'Reprochë wéinst Harcèlement, déi d'Direktioun deels gemaach kritt, ganz seriö an et hätt een deenen och intern Suitte ginn. Gläichzäiteg stellt hien awer och kloer, datt just, well déi aktuell Direktioun vläicht méi streng wéi déi virdru wier, een net direkt vun Illegalitéite schwätze kéint."Mir an de Bureau virdrun hunn den Direkter ersat, mir hunn d'Sekretärin ersat, mir hunn hannen een anere Mann an der Direktioun ersat an déi maachen hir Aarbecht, wéi de Statut a wéi d'Gesetz et virgesäit. An eppes ass ganz kloer, de Bureau an de Comité steet hannert sengem Personal, och déi Leit gehéieren zum Personal."

Sollt d'Conciliatioun kee Resultat bréngen, gëtt et nach d'Méiglechkeet vun enger Mediatioun. Sollt déi dann och näischt bréngen, schléisst ee bei der FGFC ee Streik net aus, och wann een dee wéinst den negative Repercussiounen op d'Salariéen an d'Passagéier evitéiere wéilt.

Wéini déi nächst Reunioun wäert sinn, ass nach net gewosst. Just eng Saach schéngt kloer, mat enger weiderer Reunioun dierft et an dësem Dossier net gedoe sinn. Dem Marco Lux no schaffen iwwregens méi wéi 500 Leit beim TICE.

Back to Top
CIM LOGO