Industriezon GadderscheierD'Chiers gouf op en Neits schwéier verknascht

RTL Lëtzebuerg
Aenzeien haten der Police gemellt, datt d'Chiers op der Héicht vum Akafszentrum zu Käerjeng extreem verknascht wier.
© Police

Eng Policepatrull konnt d'Beobachtunge vun den Zeie bestätegen an huet doropshin d'Waasserwirtschaftsamt prevenéiert.

Den zoustännege Beamte vum Waasserwirtschaftsamt huet confirméiert, datt d'Verknaschtung iwwer d'Becke vun der Industriezon Gadderscheier an d'Chiers gelaf ass. Et goufe Prouwe geholl, fir de Responsabele vun der Waasser-Verschmotzung ze fannen. D'Analyse lafen.

Back to Top
CIM LOGO