
Vun dësem Freideg an nach bis den 31. Mäerz kënnen all d'Employéen a Fonctionnaire beim Staat iwwer Bréifwal d'Vertrieder fir „d'Chambre des fonctionnaires et employés publics“ wielen. Am Ganze ginn et 54 Mandater, also 27 déi hir Funktioun untrieden an 27 déi stellvertriedend gewielt ginn.
Zur Wiel sti Membere vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP, der Gewerkschaft vum Gemengepersonal FGFC, dem Landesverband, dem OGBL, dem LCGB a vun de Gewerkschafte vum Léierpersonal Apess an Acen.
Mat 21 Sëtz geet d'CGFP als klore Favorit an dës Walen.