
Géif d'Regierung mam Pandemie-Gesetz d'Rechter an d'Fräiheete vun de Gewerkschaften a Gefor bréngen, ouni mat hinnen ze schwätzen, da misst d'CGFP sech wieren. D'Gewerkschaft vun de Fonctionnairë freet an engem Schreiwes een Dialog mat der Regierung, well d'Pandemie-Gesetz kéint nom Noutstand verschidde Grondrechter an noer Zukunft limitéieren.
Och vill Detailer iwwer d'Mesure vum Gesetz wieren net kloer, an déi misste mat de Sozialpartner beschwat ginn. D'Gewerkschafte wieren och a Punkto Exit-Strategie ignoréiert ginn.