No Opruff op GovJobsDausende Fräiwëlleger a Professioneller hu sech gemellt

RTL Lëtzebuerg
Fir wärend der Pandemie ze hëllefen, hat d'Regierung e Méindeg de Mëtteg am Ganzen 30 Ausschreiwungen op GovJobs.lu verëffentlecht.

Et goufen Ausschreiwunge fir Dokteren, Infirmieren, Aide-soignanten an aner Gesondheetsberuffer. Am grousse Ganzen hu sech 2.400 Fräiwëlleger an 8.100 Professioneller aus dem Gesondheetswiesen op GovJobs ageschriwwen.

Bis Hallefnuecht hu sech all d'Leit aus de Gesondheetsberuffer missten aschreiwen. D'Annonce fënnt een awer och weiderhin online op GovJobs.lu

Weider Detailer iwwert den Opruff fannt Dir hei.https://govjobs.public.lu/fr.html?fbclid=IwAR0Ag9sqXyKe51TKqv9FwqG-v6yGuVxHG-i99YkWkP7F5NmuWDRKz8JC140


Back to Top
CIM LOGO