Och Lëtzebuerg betraffDonnéeë vun iwwer enger Millioun Clientë vu Basic-Fit goufe geklaut

RTL mat AFP
Nieft Leit aus Lëtzebuerg sinn och Clienten aus eisen dräi Nopeschlänner, Spuenien an Holland betraff.
E Studio vu Basic-Fit zu Paräis.
E Studio vu Basic-Fit zu Paräis.
© RICCARDO MILANI/Hans Lucas via AFP

Basic-Fit, déi bekannt dofir sinn, datt si e Fitness-Abonement zu engem gënschtege Präis ubidden, ass Informatioune vun der AFP no Affer vun enger Fuite vun hiren Date ginn. Dobäi wieren déi perséinlech Donnéeë vu ronn “enger Millioun” Membere geleakt ginn, dorënner och Bankdaten.

Dës Fuite concernéiert Clienten aus Frankräich, der Belsch, Däitschland, Spuenien, Lëtzebuerg an Holland, wou och den Haaptsëtz vu Basic-Fit ass. D’Entreprise huet den Autoritéite matgedeelt, datt et “en net autoriséieren Accès am System gouf, deen d’Passagë vun de Memberen an den Zentere vu Basic-Fit opzeechent”. Doduerch wier et den Hacker gelongen, “d’Informatioune vun Abonementer, d’Nimm an d’Adressen, d’E-Mail-Adressen, d’Telefonsnummeren, d’Gebuertsdeeg an d’Bankdaten” erofzelueden, esou Basic-Fit.

Basic-Fit: Donnéeë vu méi wéi enger Millioun Membere geklaut
Betraff si Clienten aus Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich, Spuenien, Holland an der Belsch.

D’Memberen, deenen hir Date geklaut gi wieren, wieren och informéiert ginn, heescht et vun der Entreprise. Et wier awer kee Passwuert betraff, gëtt nach preziséiert. D’Entreprise huet och matgedeelt, datt een d’Kopie vun der Carte d’identité vun de Clienten net géif halen.

D’Grupp Basic-Fit gehéiert zu de gréisste Kette vu Fitnessstudioen an Europa. Et huet een, ënnert den Nimm Basic-Fit a Clever Fit, ronn 2.150 Zenteren an eng 5,8 Millioune Memberen. D’Präisser, déi sech am ënneschte Beräich vun de verschiddenste Fitnessstudioen erëmfannen, droen e groussen Deel zu dëser héijer Unzuel u Clientë bäi.

Back to Top
CIM LOGO