Stëmm vun den IwwerliewendenD'Associatioun ass zefridden, datt am Fall vu Mëssbrauch d'Täter an Zukunft méi streng solle bestrooft ginn

Dany Rasqué
Et weist ee sech awer enttäuscht, dass d'Politik hir Verspriechen net agehalen huet, wat d'Zesummenaarbecht ugeet.
D'Generalversammlung vun der Stëmm vun den Iwwerliewenden
D'Generalversammlung vun der Stëmm vun den Iwwerliewenden
© Anthony Pinto

D'Stëmm vun den Iwwerliewenden oder d'Voix des survivant(e)s ass zefridde mat deem, wat se bis elo erreecht huet. D'ASBL, déi eréischt am August 2022 gegrënnt gouf, hat en Donneschdeg op hir Generalversammlung geruff, wou se ënnerstrach huet, datt se net opgëtt, soulaang et nach ëmmer Affer vu Gewalt gëtt, déi fäerten oder sech schummen, fir iwwert dat ze schwätzen, wat hinne geschitt ass. Zu Lëtzebuerg schéngt sech awer eppes ze doen.

Generalversammlung "La voix des survivantes" - Reportage vum Dany Rasqué

D'Ana Pinto, d'Presidentin vun der Stëmm vun den Iwwerliewenden ass frou iwwert all déi Verspriechen, déi gemaach goufen, nodeems d'ASBL am Juli zejoert -no hirer Petitioun- fir eng Debatt an der Chamber war, an nodeems se schonn e puer Méint virdrun eege Reformproposen ausgeschafft an eragereecht hat. D'Associatioun ass zum Beispill zefridden, datt am Fall vu Mëssbrauch all d'Täter an Zukunft méi streng solle bestrooft ginn.

"Dat heescht, wann ee mëssbraucht gëtt an den Täter ass en Éischt-Täter, dass en dann net integrale Sursis kritt, mee dass do Prisongsstrofen drop stinn . Datt et kee Kavaléiersdelikt méi soll sinn, mee tatsächlech e Crime. Da krute mer versprach, dass de Contrôle coercitif, also déi psychologesch Gewalt an den Code pénal kënnt. Mir krute versprach, dass méi Magistraten engagéiert ginn a speziell Formatioune fir d'Magistratur an eeben och fir d'Police. Do hu se schonn ugefaangen."

Donieft krut d'Associatioun versprach, datt den nationalen Zenter fir d'Affer vu Gewalt vum nächste Mount un all Dag a ronderëm d'Auer soll op sinn.

© Anthony Pinto

D'Stëmm vun den Iwwerliewenden freet sech iwwert dës Succèsen, mä se ass wäit dovunner ewech elo d'Hänn an de Schous ze leeën. Et gëtt einfach ze vill ze dinn. An de Fraenhaiser ass keng Plaz an et gëtt net genuch Logement fir Persounen, déi aus Angscht net méi wëllen heem bei hire Partner goen.

"Mir wësse vu Fäll vu Mammen, déi mat hire Kanner an Autoe wunnen, well se vun hirem Partner fortgelaf sinn an ebe keng Plaz hunn. An ech denke mer einfach, dass dat net méiglech ass am räiche Lëtzebuerg, dass et dat hautdesdaags nach gëtt. An déi Mammen, déi fäerten natierlech Hëllef ze froen, well se Angscht hunn, dass d'Kanner da placéiert ginn."

D'Stëmm vun den Iwwerliewenden erënnert do de Staat u seng Responsabilitéit, mä anengems ka jiddereen hëllefen, datt Affer vu Gewalt, et méi einfach hunn éierens eng Plaz fir ze wunnen ze fannen.

"Ideal wier natierlech, wa Leit, déi Proprietären, déi eeben Haiser hunn, déi géife vläicht, jo, e bësse méi... Et sinn awer vill Haiser, déi eidel stinn. Vläicht kéint och de Staat do soen: 'okay, mir iwwerhuelen déi an da géife mer déi de Fraen fir en abordabele Loyer ubidden.' "

D'ASBL fuerdert dann och, datt d'Täter méi séier viru Geriicht kommen, esou wéi zum Beispill a Spuenien, wou se sech bannent 14 Deeg virun der Justiz musse veräntweren. Eng kleng Kritik huet d'Associatioun awer un déi national Politik: Verspriechen sinn net do fir ze briechen.

"Deemools, wou mir an der Chamber waren, fir eis Propositioune virzestellen, do krute mer versprach, datt mir géifen mat an dee ganze Prozess integréiert ginn. Dat heescht, datt mir souguer géifen an déi Kommissiounen, d'Commission violence, d'Commission de la justice, géife mer mat integréiert ginn, fir mat ze schaffen a mat ze lauschteren, wat se wéilt änneren. Dat ass leider ni geschitt."

Iwwert all déi Decisiounen, déi elo geholl goufen bedauert d'Ana Pinto, wier d'Associatioun duerch d'Press informéiert ginn. Bei der Kommunikatioun géif et deemno nach Loft no uewen.

Back to Top
CIM LOGO