
Déi 205.000 Frontaliere kréien ee Bréif mat engem Voucher, fir d'Maske bannent 2 Woche kënne sichen ze goen. Fir laang Schlaangen ze ëmgoen, ginn d'Bréiwer iwwer 5 Deeg verdeelt ronderëm geschéckt. Et gëtt elektronesch kontrolléiert, datt jiddereen nëmmen ee Saz Maske siche kënnt. 10 Millioune Maske ginn dofir prett gemaach.
Fir d'Awunner vum Grand-Duché gëtt d'Verdeelung vun de 50 Maske vun de Gemengen organiséiert. Dës Kéier kommen se net an d'Boîte, mee jidderee kritt ee Bong fir se op eng bestëmmte Plaz an seng Gemeng sichen ze goen.
Sitte sinn op:
Méindes bis Freides: 07h00 – 19h00
Samschdes bis Sonndes: 09h00 – 17h00
Wärend Feierdeeg, dem 21. Mee, sinn d'Sitte vum Findel a vun Esch-Belval vun 09h00 – 17h00 op.
Am Drive in:
Bettembourg, Parking Park Merveilleux, Route de Mondorf, L-3260 Bettemburg
Diekirch, Zone industrielle ZANO près du Garage Renault, Fridhaff
Echternach, Parking eLake Festival, CR 378, L-6412 Echternach
Esch-Belval, Parking Square Mile, Boulevard du Jazz, L-4370 Esch/Alzette
Frisange, Park & Ride, Chaussée Robert Schumann, L-5754 Frisange
Luxembourg, Park & Ride Lux-Sud Howald, rue In Bouler, L-1350 Luxembourg
Luxembourg, Aéroport Parking E, rue de Trèves, L-2632 Findel
Mertert, Park & Ride Wasserbillig/Mesenich, L-6617 Mertert
Steinfort, Park & Ride, rue Collart, L-8414 Steinfort
Troisvierges, Gare, rue Staedtgen, L-9906 Troisvierges
Oder zu Fouss:
Luxembourg, Rotondes, Place des Rotondes, L-2448 Luxembourg
Luxembourg, Funiculaire Kirchberg, Avenue J.F. Kennedy, L-1115 Luxembourg
Troisvierges, Gare, rue Staedtgen, L-9906 Troisvierges