AarbechtsministerDan Kersch intresséiert sech fir puer Propose vum OGBL

RTL Lëtzebuerg
Dat schreift op jiddwerfalls den Onofhängege Gewerkschaftsbond e Mëttwoch de Moien an engem Communiqué.

Fir den Handel ze ënnerstëtzen an Aarbechtsplazen ze preservéieren, proposéiert den OGBL 6 Mesuren:

  • Ee sektorielle Kollektivvertrag fir déi kleng Geschäfter
  • E Plan de maintien dans l’emploi am Handel
  • Ëffentlech Consommatiounsbongen
  • D’Afréiere vun de Loyere fir Commercen
  • E Moratoire, fir ze verhënneren, datt déi nächst 3 Joer keen neien Akafszenter gebaut gëtt
  • Kloer gereegelt Aarbechtszäiten

Besonnesch d’Fro vun engem sektorielle Kollektivvertrag géing vum Minister ënnerstëtzt ginn, mee awer och d’Fro vun den Deelzäitaarbechtskontrakter am Handel, déi géingen ausgenotzt ginn, fir d’Salariéë ganz flexibel anzesetzen.

PDF: Offiziellt Schreiwes vum OGBL

Back to Top
CIM LOGO