D'Bankegewerkschaft Aleba huet de Kollektivvertrag am Banken- an Assurancësecteur zesumme mat der ABBL an der ACA ëm 3 Joer verlängert. Dat awer ouni déi zwou grouss Gewerkschaften OGBL an LCGB mat an d'Boot ze huelen. Kee Wonner, datt d'Roserei bei dëse Gewerkschafte grouss ass.
D'Vertrieder vum OGBL an dem LCGB sinn alles anescht ewéi enchantéiert iwwer de Schratt vun der Aleba.
D'Verléierer vun dësem Cavalier seul vun der Bankegewerkschaft wäre schlussendlech d'Salariéen aus dem concernéierte Secteur. Dat heescht d'Employéë vun de Banken an den Assurancen. D'Ofsécherung vun den Aarbechtsplazen ass eng vun den Haaptrevendikatioune vun OGBL an LCGB.
OGBL a LCGB schwätze vun engem Accord de Principe, dee kee Mënsch verstoe géif.