
Wéi déi Tréierer Zeitung “Trierischer Volksfreund” mellt, ass d’Besteierung vun den zu Lëtzebuerg geleeschten Iwwerstonnen op en Neits an der Diskussioun. Ee saarlännesche Grenzgänger hat seng lëtzebuergesch Iwwerstonne beim Finanzamt Merzig missen nobezuelen, ma Experte vum ieweschte Finanzgeriicht an Däitschland, dem Bundesfinanzhof (BFH), hunn dës Praxis relativéiert a preziséiert, datt d’Saach juristesch net ganz kloer wier.
An der Suite vum Zweiwel vum Bundesfinanzhof muss de Saarlänner elo also fir d’éischt emol awer keng Steieren an Däitschland op seng zu Lëtzebuerg geleeschten Iwwerstonnen nobezuelen. Ma och fir aner däitsch Grenzpendler gëtt et heiduerch ee Liichtbléck: si ginn dem “Volksfreund” no vun de Finanzämter dorop higewisen, datt si fir d’Jore bis 2023 eng Demande op en Aussetze vun der Iwwerstonnebesteierung maache kënnen. Sollt de Bundesfinanzhof d’Saach letztendlech awer net en faveur vun de Grenzgänger decidéieren, géifen zu deem Zäitpunkt allerdéngs Zënsen, op de Steieren, déi ee muss nobezuelen, ufalen.
Een definitiivt Urteel gëtt sech fir de Summer erwaart.