Nationalkongress zu KeespeltD'ADR gesäit sech am Opschwong a kritiséiert d'Regierungspolitik

Tim Morizet
D’ADR gesäit sech zanter de leschte Wale weider am Opschwong a vum Wieler gebrauch. Dat war wuel den zentrale Message um Nationalkongress vun der Partei e Sonndeg zu Keespelt.

D’Partei wier “prett, d’Walen ze gewannen“, esou den ADR-Fraktiounspresident Fred Keup bei senger Ried. No de Chamberwale vun 2023 konnt d’ADR hir Präsenz an der Chamber op fënnef Deputéiert erhéijen an huet domat hiert bescht Resultat zanter Joren erreecht. Der Parteispëtzt no géif dës Dynamik och weider unhalen.

Kritik un der aktueller Regierung

Am Verglach mat der viregter Dräier-Koalitioun aus DP, LSAP an déi gréng hätt sech Regierungspolitik vun der aktueller CSV-DP-Koalitioun net vill verännert, esou de Fraktiounschef. Aus Siicht vun der ADR géif d’Regierung déi lénk Politik vun der viregter Koalitioun weiderféieren. Doduerch géif d’Politik ëmmer méi de Kontakt mat de Wieler verléieren.

D’ADR presentéiert sech selwer als Alternativ a verweist op Wäerter ewéi Fräiheet, Traditioun, Zesummenhalt, Famill a Sécherheet. Dem Fred Keup no géifen d’Bierger ënner sëllege Problemer leiden, déi aktuell géife gréisstendeels ignoréiert ginn. Ënner anerem Stress, Stau an dem Verschwanne vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur.

Wunnen a Präishaussen am Fokus

E weidere wichtege Punkt um Kongress war d’Präisdeierecht. Virun allem d’Präisser um Wunnengsmaart wieren ze héich, esou de Fred Keup. Vill Lëtzebuerger wiere gezwongen, an d’Ausland ze plënneren. Déi Situatioun géif besonnesch déi Jonk belaaschten. Déi aktuell Politik géif hinnen dat awer ëmmer méi schwéier maachen.

Kritik un Debatt iwwer Social-Media-Verbuet

Kritesch huet sech d’Partei och géintiwwer der aktueller Diskussioun iwwer e méiglecht Social-Media-Verbuet fir Jonker gewisen. Fir d’ADR wier esou eng Mesure problematesch. Sozial Medi wieren net eng Gefor fir d’Demokratie, mee éischter fir déi, déi un der Muecht wieren, esou de Fred Keup. Och den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser huet sech skeptesch géintiwwer sëllegen Initiative vu Bréissel gewisen. Senger Erfarung no géif d’Europäesch Unioun ëmmer méi versichen, d’Meenungsfräiheet am Internet anzeschränken.

ADR lueft d’Migratiounspolitik vum Max Hahn

D’ADR huet um Kongress och positiv Téin a Richtung vun der CSV-DP-Regierung fonnt, op d’mannst wat d’Migratiounspolitik ugeet. De Süd-Deputéierten Dan Hardy huet op der Bün erkläert, hie géif eng méi streng Linn vun der Regierung an dësem Dossier begréissen. Dobäi bezitt hie sech op eng Ausso vum Familljeminister Max Hahn, deen an engem Interview am Lëtzebuerger Wort gesot hat: “Mir freeën eis iwwer all Flüchtling, deen net bei eis kënnt.” Dem Deputéierten no wier en ADR-Politiker fir esou eng Ausso séier als friemefeindlech kritiséiert ginn.

De Deputéierten huet awer betount, datt hie mat enger méi haarder Migratiounspolitik averstane wier. Déi iwwerfëllte Flüchtlingsstrukturen am Land géifen weisen, datt Lëtzebuerg net méi d’Kapazitéit hätt, all Joer ronn 2.000 Asyldemandeuren opzehuelen.

Aussepolitik: Dialog amplaz Eskalatioun

Am internationale Kontext huet de Fernand Kartheiser um Kongress nach eng Kéier dofir plädéiert, am Krich géint d’Ukrain diplomatesch Weeër ze sichen. Aus senger Siicht misst een an engem Konflikt ëmmer d’Méiglechkeet hunn, mat allen Acteuren ze schwätze, och mat Russland an den USA. Detailer iwwert seng Gespréicher mat russeschen Duma-Deputéierte goufen et awer keng.

Nei Strukturen an der Partei

Um organisatoresche Plang huet d’Partei och op hir intern Entwécklung higewisen. Am Laf vum leschte Joer goufen dräi nei Parteistrukturen opgebaut. Mat dësen Initiative wëll d’ADR nei a bestoend Memberen besser encadréieren an d’Parteiorganisatioun stäerken. Der Parteiféierung no soll dëst och dozou bäidroen, d’ADR fir déi nächst Walen nach besser opzestellen.

Éierung fir de Jeff Engelen

Zum Ofschloss vum Kongress gouf et nach eng emotional Éierung fir den ADR-Politiker Jeff Engelen. Mat vill Applaus an Ovatiounen hunn d’Delegéiert him Merci gesot fir säi laangjäregt Engagement. Den Jeff Engelen ass zanter 1989 Member vun der ADR an ass am Ganzen aacht Mol bei Chamberwale ugetrueden. Als Deputéierten huet hie sech besonnesch fir d’Interesse vum Norden agesat. Fir vill Parteimemberen bleift hien domat eng vun de prägende Figuren an der Geschicht vun der ADR.

Back to Top
CIM LOGO