Zwee BlesséierterCyclist ugestouss an der Stad an Auto géint Potto um Wandhaff

Andy Brücker
Donieft gouf et nach en Asaz wéinst engem Brand zu Schraasseg.
© Laurent Weber

E Méindeg géint 17 Auer hunn d’Stater Pompjeeën an eng Ambulanz mussen um Belair an den Asaz. An der Avenue du X Septembre war e Cyclist vun engem Auto ugestouss ginn. Eng Persoun gouf verwonnt.

Kuerz virun 20 Auer waren d’Pompjeeë vun Nidderaanwen op en Asaz op Schraasseg an d’Rue d’Oertrange geruff ginn. Hei haten Offäll gebrannt.

An der Nuecht op en Dënschdeg, kuerz virun 2 Auer, ass um Wandhaff an der Rue des Trois Cantons en Automobilist mat sengem Gefier an e Luuchtepotto gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt. Op der Plaz waren eng Ambulanz, grad ewéi d’Pompjeeën vu Stengefort-Käerch.

Back to Top
CIM LOGO