
Éischten Informatiounen no huet de Cyclist d’Kontroll iwwert seng Maschinn verluer an ass gefall. Dobäi wier e liewensgeféierlech verwonnt ginn, mellt d’Police um Dënschdeg de Moien. No enger éischter Behandlung op der Plaz koum de Cyclist an d’Spidol.
En Dënschdeg de Moie géint 10.30 Auer ass zu Helleng am Rond-point en Automobilist mat sengem Gefier bäigaangen. Eng Persoun gouf verwonnt. D’Pompjeeë vu Fréiseng a Réiser waren op der Plaz, grad ewéi d’Ambulanz vun Esch.