
D'Lëtzebuerger Rout Kräiz rifft d'Leit op, Blutt ze spenden, fir eng Penurie u Reserven ze verhënneren. Den Appell riicht sech geziilt u Leit, déi schonn Donateur sinn.
Zanter enger Partie Woche scho wieren d'Stocke vu roude Bluttkierpercher-Produiten ënnert dem Minimum, deen ee sech festgesat huet, betount d'Dokter Andrée Heinricy vum Blutt-Transfusiouns-Zenter. Grond dofir wieren eng Partie Facteuren, déi beienee kommen.
Andrée Heinricy: Mir hunn an de leschte Woche gemierkt, datt d'Klinicke méi eng staark Demande eis zoudroen, wéi dat virdrun de Fall war, a spezifesch d'lescht Joer ëm dës Zäit. Mä ëm dës Joreszäit sinn d'Stocken dacks bëssen un der Limitt, wéinst de ville Feierdeeg am Mee an d'Leit manner disponibel sinn.
Fir d'Besoine kënnen ze decken, missten ongeféier 80 bis 120 Spenden den Dag gemaach ginn. Et ass kloer definéiert, wat een u Bluttreserve brauch, fir d'Distributioun un d'Klinicken ze garantéieren.
Andrée Heinricy: Dat gëtt vun Dag zu Dag gekuckt. An da gi mer stufeweis vir. Mir setzen och intern Mesuren en place a kontaktéieren d'Spender net just via Mail a Bréiwer, mä ruffe se och un, wa mer hir Bluttgrupp brauchen.
Et dierft een och net vergiessen, datt een zu Lëtzebuerg einfach e manner grousse Stock hätt wéi an anere Länner.
Andrée Heinricy: An da kënne puer Evenementer kommen, wou méi Blutt gebraucht gëtt, déi da fir eis e Problem kënnen duerstellen.
Fir d'Stocken erëm sou séier wéi méiglech opgefëllt ze kréien, sinn déi Leit opgeruff, sech ze mobiliséieren, déi reegelméisseg Blutt spenden. Nei Donateure wieren natierlech zu all Moment wëllkomm, ënnersträicht d'Dokter Andrée Heinricy, mä do wier den Opwand einfach méi grouss, well Explikatiounen néideg sinn an dacks Froen opkommen.
De 14. Juni ass iwwregens de weltwäiten Dag vum Bluttspenden.