Dowéinst gëtt elo probéiert, iwwert den digitale Wee Suen ze sammelen. Dowéinst zielt d'Associatioun virun Allem op seng Benevollen. Mat deene Suen wëll een d'Aktivitéite finanzéieren an deene vulnerabele Leit besser hëllefen.
Traditionell ginn all Joers am Abrëll méi wéi 2.000 Benevoller aus 40 lokale Sektiounen un Hausdiere schellen, fir Spende fir d'Croix Rouge ze sammelen. Ma wéinst der Corona-Kris gouf dës Aktioun awer ofgesot. Et wier een an enger aussergewéinlecher Situatioun, esou d'Associatioun.
Am Kader vun der Pandemie rifft d'Croix Rouge d'Leit op, iwwert hire Site oder per Virement Donen ze maachen. Donieft probéiert d'Rout Kräiz, sech op den soziale Medien nach besser ze vermaarten.
An Zukunft rechent een dann och nees, dat Benevoller bei Leit ginn, fir Suen ze sammelen. Ma wéini dat genau wier, kéint een awer net soen.
Am Mäerz hat d'Croix Rouge och een Opruff gemaach, fir Blutt ze spenden. Bis ewell hu vill Leit bei där Initiativ matgemaach. An de Gebailechkeete vum Roude Kräiz kënnen d'Leit Blutt spenden. D'Missioune vun der Associatioun sinn ënnert anerem d'Liewenskonditioune vu vulnerabele Menschen ze verbesseren an humanitär Hëllef op internationalem Niveau unzebidden.
