
Mam neie Projet mam Numm “Creative Lab” wëll den Educatiounsministère de Jonken d’Kultur méi no bréngen. Dësen ass Deel vun der Campagne “Screen-Life-Balance”, wou et drëms geet, datt déi Jonk manner virun den Ecranen hänken.
D’Notze vum Handy an de Schoule gouf scho reglementéiert – den Educatiounsministère gesäit sech awer och an der Responsabilitéit, de Jonken Alternativen ze proposéieren. De Creative Lab soll deemno eng kulturell a kënschtleresch Offer bidden, esou de liberalen Educatiounsminister, Claude Meisch: “Dat maache mer och elo hei iwwer Creative Lab mat der Konschtzeen zesummen, mat de kulturellen Acteuren zesummen, an ech menge, wann ech elo kucken, wat alles hei schonn ugebuede gëtt, an do wäerten nach vill Initiativen an Aktivitéite bäikommen, dann ass dat eppes, wou souwuel d’Schüler hiren Interessi wäerten drun hunn a sécherlech d’Schoulen och ganz gäre wäerte matmaachen, mir wäerten awer och scho kucken, datt mer do eng breet Participatioun hunn.”
Dës Offer riicht sech un d’Lycéeën hei am Land. Am kreative Laboratoire gi parascolaire Aktivitéite proposéiert.
Wärend den Ateliere sinn d’Schüler am direkte Kontakt mat de Leit vum Terrain, erkläert de Kulturminister Eric Thill: “Dat ass ee vun den Haaptvirdeeler vun dësem Projet, dass déi Jonk wierklech de Kënschtler kenneléieren, a Kontakt kommen, dee kreative Prozess och wierklech materliewen, d’Gedanken, déi Emotiounen och zum Deel eeben direkt materliewen, dass se do och mam Kënschtler direkt kënnen interagéieren.”
Fir den Ament gëtt et 20 Partner, déi 55 verschidden Ateliere proposéieren. Déi Responsabel erhoffen sech awer, datt dës Zuel nach weider klëmmt.

Well de Creative Lab net zum reguläre Schoulprogramm gehéiert, gëtt et och kee fixe Léierplang. Trotzdeem erhofft sech de Minister Claude Meisch, datt verschidde Kompetenze bei de Schüler doduercher developpéiert ginn.
“Grad am kulturelle Beräich gi wichteg Kompetenze vun deene Jonke matënnerstëtzt. D’Kreativitéit ass enorm wichteg hautdesdaags, awer och d’Team-Fäegkeet mécht ee seelen eppes Kulturelles eleng, dat mécht een an der Ekipp zesummen. Kritescht Denken ass wichteg, awer och seng eegen Iwwerleeunge kënne matzedeelen. Kommunikatioun ass immens, immens wichteg an ech mengen dat, wat fir déi Jonk haut immens wichteg ass, dat ass virun allem awer och, datt se eng Bestätegung kréien, wat selwer an hinne stécht”, sou de Claude Meisch.
D’Lycéeë kënnen iwwert d’Internetsäit vum Creative Lab Aktivitéite sichen, filteren an dann och reservéieren. Nei Partner mussen eng Konventioun mam Educatiounsministere ënnerschreiwen, fir Deel vum Creative Lab ze ginn.