Enn November am AsazCovid-Schnelltester si méi séier, awer manner fiabel

Claude Zeimetz
Jeannot Ries
Et kritt ee sech scho méi laang um fräie Marché ze kafen. Ma d'Santé huet sech laang schwéier domadder gedoen.
Covid-Schnelltester si méi séier, awer manner fiabel
Et kritt ee sech scho méi laang um fräie Marché ze kafen. Ma d'Santé huet sech laang schwéier domadder gedoen.

Enn November gëtt elo hei am Land eng Commande vu Covid-Schnelltester, dat huet den Dokter Jean-Claude Schmit confirméiert.  Geplangt si ronn 5.000 där Tester den Dag. Si solle prioritär an de Kliniken an den Asaz kommen. D'Santé ass donieft och mat den Altersheemer a Kontakt fir ze diskutéieren, bei wiem dës Schnelltester hei Sënn géife maachen. Bei de Residenten, de Visteuren oder och deenen zwee.

An der Schoul ass den Ament keen Dispositif geplangt.

Duerfir sinn  déi europäesche Sportfederatiounen amgaang, Covid-Schnelltester ze kafen, déi och hei zu Lëtzebuerg kéinten an de Gebrauch kommen, wa se d'Critèren erfëllen.

D'Santé hält drop, datt all Schnelltest vun engem Professionellen aus dem Gesondheetssecteur gemaach muss ginn. Also net doheem.

Et muss e Ofstréch an der Nues gemaach ginn. D'Resultat liest sech duerno änlech wéi bei engem Schwangerschaftstest. All positiven Test muss natierlech och gemellt ginn.

D'Schnelltester liwweren zwar méi séier e Resultat. An Zäit vu 15, 30 Minutten. Duerfir sinn awer manner sensibel wéi d'PCR, also manner fiabel.

Engersäits riskéieren Infektioune verpasst ze ginn an anerersäits falsch Positiver erauszekommen.

Virun allem misst een och mat de Schnelltester weider d'Gestes barrièren anhalen an net engem falsche Sécherheetsgefill noginn, sou den Direkter vun der Santé, Jean-Claude Schmit.

Back to Top
CIM LOGO