ListCovid-Réckstänn an de Kläranlage bleiwen héich

Carine Lemmer
Et gëtt e "konstanten Trend" zanter dem Ufank vu leschter Woch. Déi nächst Analyse wäerte weisen, ob déi Dynamik sech weider confirméiert oder net.

Et ass weider vill Virus am Ofwaasser vun de Kläranlagen, dat geet aus de leschten Analyse vum List ervir. Prouwen aus 13 Kläranlage goufen ënnersicht.

Zu Gréiwemaacher, Beetebuerg an zu Wolz ass d'Virus-Konzentratioun geklommen. Zu Beggen, Péiteng, Uewersyren an Elwen sinn d'Wäerter bannent enger Woch erofgaangen.

D'Neiinfektioune pro Dag sinn déi lescht Woch an d'Luucht gaangen. No zwou méi stabele Woche gëtt et en Trend no uewen, mä d'Situatioun wär ganz volatil, soen d'Fuerscher vun der Covid-19 Taskforce an hirer neister Publikatioun vu leschtem Freideg.

Vun 163 neie Fäll den Dag wär een eropgaangen op 166. Eng 3.000 aktiv Fäll géif et ginn.

D'Projektiounen, wéi et kéint weidergoen, si méi negativ wéi déi Woch virdrun. Déi nei Variante si jo méi ustiechend. Déi brittesch Mutatioun mécht de Moment ronn 58% vun de Fäll aus hei am Land, déi südafrikanesch bal 20%. Der Taskforce no kéinte mer am Mee bei 310 Fäll den Dag sinn. Dat ass awer just eng Projektioun an duerch d'Verhale vun de Leit kéint dat sech permanent änneren.

D'Evolutioun allgemeng wär elo méi schwéier virauszesoen.

Déi ganz Publikatioun fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO