Reprise am FondamentalCours eng Woch iwwert déi aner vun 8 bis 13 Auer obligatoresch

RTL Lëtzebuerg
D’Schoulen zouzemaachen, wier eng schwéier Decisioun gewiescht, ma se an dësen Zäiten erëm opzemaachen, wier ganz komplex, esou den Educatiounsminister.
Reprise am Fondamental
D’Schoulen zouzemaachen, wier eng schwéier Decisioun gewiescht, ma se an dësen Zäiten erëm opzemaachen, wier ganz komplex, esou den Educatiounsminister.

Reprise am Fondamental / Reportage Maxime Gillen

Och wann et nëmmen e puer Woche sinn, wier et wichteg, dës Zäit am direkte Kontakt mam Enseignant ze notzen, esou de Claude Meisch en Dënschdeg de Mëtteg op enger Pressekonferenz iwwert d'Reprise am Fondamental. Dat selwecht gëllt fir de soziale Kontakt mat deenen anere Kanner. Den Ament géif de Kanner vill feele fir hir Entwécklung.

D‘Klassen am Fondamental gi vun elo un an zwou Gruppen opgedeelt. Wärend de Schoulwochen ass moies vun 8 bis 13 Auer Cours, wou och all Schüler muss sinn. D'Gemenge kënne bei den Horairen awer och Upassunge maachen. Wärend den Übungswoche mussen déi selwecht Zäit Hausaufgabe gemaach ginn. Dës kënnen awer och Doheem gemaach ginn. Mëttes ass wärend béide Wochen en Accueil assuréiert. Dësen Accueil ass dann och fakultativ a kascht d’Elteren näischt. D’Kanner bleiwen dann och déi ganz Zäit an hirer Grupp, fir dass et zu méiglechst wéineg Kontakter ënnertenee kënnt. 25 Prozent vum Unterrecht an der Schoul sinn domadder an Zukunft nach obligatoresch, déi aner 75 Prozent si fakultativ, dës kann een an de Gebailechkeete vun der Schoul maachen oder vun Doheem aus.

© SIP/JULIEN WARNAND

An der Woch vum 25. Mee ass et esou, datt béid Gruppen an d'Schoul ginn, fir datt alleguer d'Schüler nees een éischte Kontakt mam Léierpersonal hunn. D‘Péngschtvakanz gëtt iwwerdeems bäibehalen.

D'Recht op Congé pour raisons familiales gëllt am Prinzip vum 25. Mee un net méi, deen Ament gi jo d'Betreiungsstrukturen nees op. Et ginn awer Ausnamen. Fir kleng Kanner ze betreie vun 0 bis 3 Joer, kann nach een Elterendeel dee Congé huelen.

Wann d'Kanner vulnerabel sinn, also mussen doheem bleiwen, huet een och weider d'Recht op de Congé a fir de Fall, wann een a senger Gemeng awer keng Betreiungsplaz géif kréien. De Minister geet awer dovunner aus, datt ee genuch Plazen zesumme mat de Gemengen organiséiert kritt.

De Minister Claude Meisch bleift och derbäi, datt d'Kanner am Cycle 1 e Recht op Bildung hunn. De Cycle 1 gëtt net zougelooss an d'Schoulflicht bleift och fir d'Spillschoulkanner. Dat wär net anzehale mat sou klenge Kanner. Zesumme mat der Santé a mam Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses gëtt un anere Reegele geschafft. Et sollen an der Spillschoul méi kleng Gruppe ginn, déi da méi familiär a fräi kéinte funktionéieren. De Precoce ass jo fakultativ. Hei kënnen d'Elteren decidéieren, wéi se bis Mëtt Juli wëlle weider fueren.

Schätzunge vun der Fedas no gëtt duerch den adaptéierte Schoulsystem 1/3 méi Personal gebraucht. Dat gëllt éischtens fir d'Schoulen an d'Etude surveillée an zweetens fir d'Maisons relais. Fir d'Éducation nationale gëtt zum Beispill Personal aus dem Beräich vun der Erwuessenebildung mobiliséiert oder och op Studenten oder Stagiairë vun der Uni.lu zeréckgegraff. Bei de Maisons relais ass et esou, dass d'Federatioun vu private Crèchë Personal kann zur Verfügung stellen, well net all Crèche nees normal schafft. Och Animateure si gefrot, fir hei ze hëllefen. Dat sinn Animateuren, déi soss Vakanzenaktivitéite koordinéieren (mat Ausbildung, brauchen awer keen Uni-Diplom). Donieft gëtt och mam Personal gekuckt, dat net Vollzäit schafft, fir d'Stonnen déi nächst Méint ze erhéijen.

Fir datt och am Schoultransport d'Sécherheetsmesurë kënnen agehale ginn, gëtt d'Unzuel u Busser an d'Luucht gesat. Donieft ginn och d'Horairen ugepasst. D'Finanzéierung vum Transport iwwerhëlt de Staat zu 100 Prozent, sou den Emile Eicher vum Syvicol.

© SIP/JULIEN WARNAND

De Replay vun der Pressekonferenz

Back to Top
CIM LOGO