Direkter vum Dikrecher KolléischCorona-Statistike krute vill positiv Resonanz

Annick Goerens
Déi 1. Etapp vun der Pandemie wär hei am Land elo quasi eriwwer an dofir huet de Marcel Kramer den 28. Abrëll seng lescht Statistik publizéiert.

Zanter dem Lockdown de 16. Mäerz verschafft den Direkter vum Dikrecher Lycée, Marcel Kramer, all Owend déi aktuell Corona-Chiffere vu Lëtzebuerg a vergläicht se och mat anere Länner. Dat mécht hien net nëmme fir sech selwer, mä publizéiert seng Diagrammen och op de sozialen Netzwierker Facebook an Instagram. Domat ass elo awer Schluss.

Statistiken vum LCD-Direkter - Reportage Annick Goerens

De Marcel Kramer huet virun allem analyséiert a graphesch duergestallt, wéi sech de Verlaf vum Virus hei zu Lëtzebuerg entwéckelt huet a wat geschitt wär, wann d'Mesurë vun der Regierung méi spéit, respektiv méi fréi geholl gi wären: "U sech huet d'Santé jo vun Ufank un all Dag d'Donnéeë publizéiert an ech wollt dat einfach visuell duerstellen, well do gesäit een awer besser och den zäitleche Verlaf. Am Ufank ass et jo eng ganz exponentiell, also eng ganz staark Augmentatioun vun der Zuel, duerno flaacht dat e bëssen of an da kritt een esou eng S-Form. An ech wollt dat éischtens mol bildlech virstellen an dann och mat engem Modell bësse mathematesch hannerleeën, fir d'Evolutioun och bësse wëllen net virauszesoen, mä bëssen eng Tendenz do eraus ze liesen."

De Marcel Kramer krut och fir seng Aarbecht immens vill positiv Echoen: "Effektiv krut ech do ganz vill Resonanz op de sozialen Netzwierker, well ech do och all Dag e klenge Kommentar dobäi geschriwwen hunn, fir och e bëssen z'erkläre wat geschitt, wann beispillsweis de Lockdown méi spéit komm wier, wéi géif et dann ausgesinn. Dat och fir de Leit ze weisen, dat war eng vun den Haaptiddien, dass de Lockdown och effektiv eppes bréngt um Niveau vun den Infektiounszuelen, well een awer 1-2 Wochen duerno ganz kloer gesinn huet, dass et méi lues gaangen ass an elo si mer jo wierklech quasi op engem Plateau ukomm. Dat heescht et sinn nach ganz wéineg Leit, déi sech Gott säi Dank infizéieren den Ament."

Déi 1. Etapp vun der Pandemie wär hei am Land elo quasi eriwwer an dofir huet den Direkter vum Dikrecher Lycée den 28. Abrëll also virun enger gudder Woch seng lescht Statistike publizéiert. Hie géing hoffen, dass d'Zuelen esou géinge bleiwen, da misst hien och net nees ufänken, sou nach de Marcel Kramer.

Direkter vun Dikrecher Kolléisch - De Marcel Kramer hält d'Covid-Entwécklung genee am A

Back to Top
CIM LOGO