
Wéi en Impakt huet d'Corona-Kris op d'Wirtschaft? D'Aktivitéit ass ëm 25% zréck gaangen, dat schätzt de Statec a sengem Bericht iwwert d'Konjunktur vum Abrëll. D'Zuele fir Mäerz an Abrëll leien nach net vir, et muss also mat Estimatioune geschafft ginn.
De Réckgank vun der Ekonomie wier manner, staark wéi an den Nopeschlänner, mengt de Statec; dat wéinst der Wichtegkeet an der Stabilitéit vum Finanzsecteur an der Lëtzebuerger Wirtschaft. Dee Secteur spiert d'Auswierkunge manner staark. D'Banke rechne mat manner Prêten à long terme, mä méi „à court-terme“ fir Entreprisen, déi Sue brauchen. D'Konditioune fir e Prêt ze kréie kéinte fir Betriber méi large ausgeluecht ginn, fir d'Privatstéit kéint et méi schwiereg ginn, fir Suen ze léinen.
Och gëtt 2-3 mol méi hei am Land getest, betount de Statec.
An den Nopeschlänner gëtt allgemeng mat engem Réckgank vun engem Drëttel gerechent.
Am Mäerz an am Abrëll waren 30% vun de Salariéen am Chômage partiel. Dat ass vill méi héich wéi wärend der Wirtschaftskris 2009, do waren et just 3,4%.

Wéi an der Grafik gutt erkennt, sinn och hei d'Gastronomie an d'Konstruktioun am stäerkste betraff, dono kommen den Immobiliëmarché, de Commerce an d'Industrie.
Fir 2020 geet een dann och mat engem Minus vu 6% bei PIB aus, 2021 soll dësen dann awer nees ëm 7% klammen. Dëst awer just, wann et bei engem limitéierte Confinement bleiwe géif. Géif de Confinement däitlech verlängert ginn, da geet ee vun engem Fale vum PIB vun iwwer 12% aus, 2021 soll de PIB da nëmmen nach ëm 1,8% klammen.

Och d'Vertrauen an d'wirtschaftlech Aktivitéiten an alle Secteure soll fir Abrëll nach eemol kräfteg no ënne falen.

Weider gëtt och ënnerstrach, wéi massiv d'Infektiounen zu Lëtzebuerg erofgaange sinn zënter dem Confinement. Et läit ee jo Stand 3. Mee bei 3.824 Fäll a 96 Doudegen.

Och de Minus vun 30% bei de Verkeef vu Bensin an Diesel wäert am Abrëll änlech weider goen. Positiv ass awer hei natierlech den Ausstouss vun Emissiounen deen ofgeholl huet.

Op 3 Grenzen, wou gemooss gouf, sinn ¾ manner Autoe passéiert. Manner Accisë koumen deemno an d'Staatskeess eran, mä d'Zäregasen wéinst manner Trafic sinn och zréck gaangen, sou de Statec.