
Et ass schonn déi drëtt Verlängerung vun dëser Mesure. Se kënnt Leit ze gutt, déi doheem no Familljemembere kucken, well déi aktuell net kënnen an hirer jeeweileger Betreiungsstruktur sinn.
Den Ament wären eng Dose Mënschen am Congé pour soutien familial. Eng Partie nei Demandë wäre senges Wëssens schonn erakomm, esou de Rapporter vum Gesetzprojet, de Max Hahn vun der DP de Mëttwoch de Mëtten an der Chamber.
Bei de Konditioune fir dee Congé ännert näischt.
D'Deputéiert vun e puer Parteien, dorënner déi Lénk an ADR, fannen de Congé, fir Familljememberen ze fleegen, e sënnvollt Instrument, dat och no der Kris concernéierte Leit kéint entgéint kommen. D'Familljeministesch Corinne Cahen huet confirméiert, dass gepréift gëtt, fir de Congé pour raison familial an Zukunft ze erméiglechen, am Fall vun enger "force majeure".