StatecConfinement huet Wuelbefanne vu Lëtzebuerger Residentë verschlechtert

RTL Lëtzebuerg
Dat geet aus dem Rapport "PIB Bien-être 2020" vum Statec ervir, deen e Freideg publizéiert gouf.
© Statec

Duerch de Confinement an déi sanitär Mesurë wär de Revenu bei enger vu 6 Persounen hei am Land erofgaangen an och eng Persoun vu 6 spiert een negativen Effekt op déi physesch Gesondheet. Natierlech hätte finanziell Schwieregkeeten och een Impakt op déi generell Satisfaktioun mam Liewen.

Ee Resident op 4 huet deklaréiert, dass säi Liewe manner zefriddestellend wier wéi virum Covid. Besonnesch bei Jonken tëscht 15 a 34 Joer ass d'Wuelbefannen an den éischte Woche vum Confinement ëmmer méi an de Keller gaangen.

Dës Krise hätt och psychologesch Repercussiounen op d'Populatioun. De Statec huet sech méi genee dofir interesséiert, wéi een Impakt de Confinement op déi sozial Relatiounen huet. 21 Prozent, also ronn eng Persoun op 5, huet uginn, dass se sech méi eleng gefillt huet wéi soss. Dëst Gefill vu Solitude wier méi present gewiescht bei Leit ënner 35 Joer, bei Studenten, bei Männer a bei Leit, déi manner Moyenen hunn. Am Normalfall géingen och just 5 Prozent vun de Leit uginn, dass se sech eleng fillen.

Back to Top
CIM LOGO