
An der Arnaque via E-Mail gëtt den CNS-Logo mëssbraucht. An der E-Mail gëtt e Feeler bei engem Remboursement oder e Remboursement en attente virgetäuscht. Ënnendrënner ass e Link ze fannen, mat deem een op säi privat Profil kënnt.
D'Gesondheetskeess warnt, ënnert kengen Ëmstänn op de Link ze klicken, d'Mail-Adress, vun där de Mail koum, z'iwwerpréiwen, keng perséinlech Donnéeën erauszeginn an de Mail läschen, wann een en Dout huet.
D'CNS rappeléiert dann, datt de Logo, Numm oder d'grafesch Representatioun vun der CNS net bedeit, datt et sécher d'Gesondheetskeess ass. Wie sech net sécher ass, kann d'CNS iwwer hir offiziell Kanäl erreechen.
Méi Informatiounen zu Arnaquen, déi d'Gesondheetskeess betreffen a Recommandatiounen, fannt Dir um Site vun der CNS.