
D'Gesondheetskees huet dës RTL-Informatioune confirméiert a preziséiert, datt dëst net un technesche Problemer léich, mä villméi un de ganz villen Demanden, déi aktuell musse vun de Gestionnaire beaarbecht, kontrolléiert a verschafft ginn.
Wa soss den Delai vum Remboursement tëscht 2 bis 4 Woche laang war, sou läit en aktuell an der Moyenne bei ronn 6 Wochen.
Aktuell ginn zum Beispill bei der CNS d'Doktesch-Facturen traitéiert, déi Mëtt Februar vun den Assuréen eragereecht gi waren.
Leit, déi awer héich Montanten hu misste virstrecken, kënnen ëmmer online iwwer Guichet.lu e Rendez-vous froen an de CNS-Agencen an da kréie si d'Suen do och direkt via Scheck.
En Assuré, dee Fraise virgestreckt a wou de Montant pro Haushalt mindestens 100 Euro erreecht huet, kann e Remboursement per Scheck ufroen. D'Rechnunge mussen, den Dag, wou se op der CNS am Schalter agereecht ginn, ënnerhalb vun de leschte 14 Deeg bezuelt gi sinn.