Zënter Ufank vum JoerCNS rembourséiert ronn 20 Prozent méi fir Brëlleglieser mat Stäerkt

RTL Lëtzebuerg
D'CNS rembourséiert zënter dem Ufank vum Joer ronn 20 Prozent méi fir Brëlleglieser mat Stäerkt, wéi d'Santés- a Sozialministesch Martine Deprez op eng parlamentaresch Fro matgedeelt huet.
De Katalog vun de Prestatioune wier mat der Federatioun vun den Optiker iwwerschafft ginn a géing zënter dem 1. Januar dëst Joer gëllen, sou d’Martine Deprez an hirer Äntwert.
© MICROGEN IMAGES/SCIENCE PHOTO LI/Science Photo Library via AFP

Zënter dem Ufank vum Joer gëtt et vun der CNS gutt 20% méi erëm fir Brëlleglieser mat Stäerkt. Dat deelt d’CSV-Santés- a Sozialministesch Martine Deprez den LSAP-Deputéierte Francine Closener a Mars di Bartolomeo mat, déi via parlamentaresch Fro Detailer wësse wollten.

Dernieft gouf e spezifeschen Tarif agefouert fir Glieser, déi de Prozess vun der Kuerzsiichtegkeet sollen ofbremsen. Hei si Kanner- a Jugendlecher vu fënnef bis 17 Joer viséiert.

De Katalog vun de Prestatioune wier mat der Federatioun vun den Optiker iwwerschafft ginn a géing zënter dem 1. Januar dëst Joer gëllen, sou d’Martine Deprez an hirer Äntwert.

Back to Top
CIM LOGO