
Et wier zu kengem Moment probéiert ginn, Coronavaccin un der Santé laanscht ze organiséieren, dat seet de Fabio Secci, Generaldirekter vun der Caisse médicochirurgicale CMCM. Hie géing esou e Virgoen héich verwerflech fannen. Privat Entreprise solle weder beim Beschafe vum Impfstoff nach bei der Organisatioun eng aktiv Roll spillen.
De Fabio Secci distanzéiert sech perséinlech an am Numm vun der CMCM dovun, datt et eng aktiv Sich no Coronavaccin ginn hätt. Net emol sou eng Intentioun wier do gewiescht. D'Rumeur war en Dënschdeg duerch de suspendéierte Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman Dr. Claude Schummer an engem Interview mam L'Essentiel lancéiert ginn. Hei hat dëse gesot, him wier zu Ouere komm, dat de Fabio Secci eng Demarche ënnerholl hätt, fir Impfstoff ze besuergen.
De Generaldirekter vun der CMCM huet awer eng ganz aner Iddi, wéi de Cornavaccin soll beschaaft an distribuéiert ginn.
"Egal wien am Moment eng seriö Offer vun engem erlaabten Impfstoff ugebuede kritt, muss iwwer de Staat goen. Dat heescht, d'Kontakter musse weidergeleet a gepréift ginn. Et ass jo am Interêt vum ganze Land, dat et erëm zu enger Normalitéit kënnt", sou de Fabio Secci.
D’CMCM wier dauernd a Kontrakt mat Pharmaentreprisen, déi zum Beispill Gesiichtsmasken, Desinfektiounsmëttel a Schnelltester ubidden. Rezent elo wier eben och eng Offer fir Impfstoffer komm. Net alles wier awer seriö.
Déi lescht Woch war dem Generaldirekter eng Offer fir eng Vaccin-Liwwerung gemaach ginn, déi him seriö geschéngt huet. Doropshin huet hien de Kontakt zur Santé hiergestallt. Et huet sech awer erausgestallt, dat d'Offer vun där riets war, net wierklech existéiert huet. An engem anere Fall hat sech eng Entreprise aus China, déi Coronavaccine produzéiert, un d'CMCM geriicht, ob der Sich nom richtegen Uspriechpartner. Och dës gouf awer un d'Santé weidergeleet.
Wéi genau et lo dozou komm ass, dat den Dr. Claude Schummer säin Numm am Zesummenhang mam private Besuerge vu Vaccine héieren huet, do kann de Fabio Secci nëmmen Estimatioune maachen. Méiglecherweis hätt de presuméierte Fournisseur vum Vaccin dem Claude Schummer gesot, dat hien d'Offer eben och un d‘CMCM gemaach hätt.
D'Santésdirektioun gouf vum CMCM-Direkter kontaktéiert, fir se mat engem méiglechem Vendeur vu Coronaimpfstoffer a Kontakt ze setzen. Et hätt sech awer erausgestallt, datt dat net seriö war. Dat schreift d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an der Äntwert op zwou parlamentaresch Froe vun deene Gréngen an der CSV a confirméiert domat d'Aussoe vum Direkter vun der Gesondheetsmutuelle Fabio Secci e Mëttwoch hei op der Antenn.
D'Santésdirektioun hätt de Parquet an den Hiersteller vum Impfstoff iwwert déi onseriö Offer informéiert. Den nach-Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schumann Claude Schummer hat an engem Interview am Essentiel gesot, d'CMCM wier un zousätzleche Vaccinen interesséiert gewiescht.

RTL.lu: Méiglech privat HRS-Impfcampagne DKV-Lëtzebuerg dementéiert: Net geplangt, privat Impfcampagne ze maachen
RTL-News: Méiglech privat HRS-Impfcampagne? Verwaltungsrot an Dr. Schummer mat kontradiktoreschen Aussoen
RTL-Informatiounen: De Claude Schummer hat probéiert, eng privat Impfstrategie ze lancéieren