E groussen Deel vun dëse Persounen huet an Alters- a Fleegeheemer gelieft, dowéinst konnt ee schléissen, dass déi gréisser Cluster, déi et an dësen Haiser gouf, zu der Hausse vun den Doudesfäll bäigedroen huet.
Bei der zweeter Phas vum Large-Scale-Testing, déi am September ugefaangen hat an elo op en Enn geet, huet een eng Prevalenz vun 0,9 gehat, dat bedeit, dass vun alle geteste Persoune bal 1% positiv op de Coronavirus war. Heimat konnten eng ganz Partie Infektiounsketten ënnerbrach ginn.
Persounen, déi an de Large-Scale-Testing waren, well si an d'Vakanz wollten oder aus dem Ausland koumen, goufen zu 2,9% positiv getest. Hei bemierkt een also eng méi héich Prevalenz bei reesfreedege Leit.
Et hätt ee sech awer eng Strategie ginn, fir geziilt ze testen, och à large échelle. Dat zum Beispill mat de mobillen Ekippen. Ënnert dësen Tester waren 2,15% positiv. Et géing een also net falsch leien, mat deene Plazen, déi ee mat de mobillen Ekippe cibléiert, well d'Prevalenz jo méi héich ass wéi soss am Large-Scale-Testing.
E weidere But vum Large-Scale-Testing wier och d'Serologie. Heiduerch wëll ee mat Blutttester erausfannen, wéi vill Leit an der Populatioun Antikierper hunn. Hei gouf et eng Hausse vu 6% op 12% vu November bis Mäerz. Dat géing och d'Donkelziffer vun den Infektioune bestätegen, esou de Fazit vun der Gesondheetsministesch.
Et wëll ee verstäerkt op mobil Ekippe setzen, dës Strategie huet d'Santé besonnesch iwwerzeegt an dowéinst wéilt een dat ausbauen.
Dobäi kënnt elo, dass och Persounen, déi scho geimpft goufen, sollen ageluede ginn. Et wéilt een am A behalen, ob geimpft Persounen de Virus awer eventuell kéinte mat sech droen.
Och Schnelltester komme bei de Large-Scale-Testing dobäi. Prioritéit bleift awer de PCR. Dee kéint de Schnelltest net ersetzen. Mat den Antigen-Tester, déi jo méi séier e Resultat liwweren, soll complementaire geschafft ginn. Am Tracing soll weider op PCR-Tester gesat ginn, fir Leit ze testen, déi e Risikokontakt haten.
An der allgemenger Teststrategie bleift et dobäi, dass e grousse Wäert op den Tracing geluecht gëtt, dat och fir Klassen ze testen.
Wat d'Schnelltester ugeet, konnten déi, déi vir an der Nues gemaach ginn, am beschten iwwerzeegen. Dat wier beim Cross-checking am LNS erauskomm. Dat sinn dann och déi Tester, déi méi bestallt goufen. Den Ament gëtt da mam Educatiounsministère zesummegeschafft, fir dës och a Schoulen anzesetzen. Dat soll bis d'Ouschtervakanz de Fall sinn. Dës Tester kënnen eng héich Chargé virale detektéieren, wat jo do, wou vill Leit zesummekommen, besonnesch wichteg ass.
Schnelltester sollen allgemeng eng zousätzlech Sécherheet nieft de Mesurë bidden. D'Apdikte wieren och interesséiert, fir hei matzeschaffen. Da solle Schnelltester och an Entreprisen agesat ginn.
Duerch de Large-Scale-Testing konnt d'Entwécklung vun den Infektioune besser iwwerwaacht ginn, esou de Prof. Dr. Paul Wilmes, Spriecher vun der Covid-19-Task-Force.
Als Beispill nennt hien d'Phas vu Juni/Juli zejoert, wéi d'Infektiounszuele geklomme waren. Ma et wier een awer net op d'Zuele vun Abrëll erukomm, well een dës zweet Hausse ënnerbrieche konnt, andeems ee vill getest huet, notamment duerch de Large-Scale-Testing.
Hei goufe Beruffsgruppen, wéi Santéspersonal, d'Constructioun oder Coiffere verstäerkt agelueden, fir sech testen ze loossen. Och Persounen aus Regiounen, déi méi impaktéiert waren, si verstäerkt ugeschriwwe ginn. Déi Strategie hätt et erméiglecht, d'Hausse vun den Infektiounen am Ufank vun der Summervakanz ze stoppen, esou de Prof. Dr. Paul Wilmes.
Wou eng héich Prevalenz a spezifesche Beruffsgruppen detektéiert gouf, ass méi getest ginn, wat och gehollef huet, fir Cluster ze vermeiden.
De Large-Scale-Testing hätt et erméiglecht, asymptomatesch Persoune méi fréi ze isoléieren, wéi wann ee gewaart hätt, bis dës Persoune Symptomer kritt hätten a sech zu engem spéideren Zäitpunkt teste gelooss hätten. An enger Etüd hunn de Prof. Dr. Paul Wilmes a seng Ekipp erausfonnt, dass et ouni de Large-Scale 43% méi Infektioune ginn hätt.
Wat een och konnt bemierken, ass, dass d'Participatioun beim Large-Scale-Testing zouhëlt, wann d'Zuelen och grad méi héich sinn.
Zum Seuil vu 50 Neiinfektiounen op 100.000 Awunner pro Woch, dee jo notamment aus dem Ausland dacks ze héieren ass, sot de Paul Wilmes, dass dat net empiresch nogewise wier. Dat géing nämlech staark vun der Teststrategie ofhänken. Mat der Strategie, déi Lëtzebuerg den Ament applizéiert, wier e Seuil vun 150 Neiinfektiounen op 100.000 Awunner pro Woch e Kader, deen ee sech ka ginn.
D'Hotline fir d'Vaccinatioun ass komplett iwwerrumpelt ginn, esou d'Gesondheetsministesch. Et wier een den Ament bei 22.000 Appeller den Dag. Dat wier dorop zeréckzeféieren, dass méi Invitatioune verschéckt goufen a vill Leit net déi néideg technesch Affinitéiten hunn an dowéinst éischter op d'Hotline zeréckgräifen.
Déi vill Uriff kéint een den Ament net stäipen, mä d'Ministesch mécht den Appell, sech e puer Deeg ze gedëllegen, et géing keen am Ree stoe gelooss ginn. Et wier een amgaang, de Problem ze léisen.
