
Den 29.Februar huet déi nei Gesondheetsministesch Paulette Lenert (LSAP) um 21 Auer Samschdesowes d’Land mat der Annonce vum éischte positive Fall an eng nei Zäit katapultéiert.
Am Ufank souz nach den Direkter vun der Santé nieft hir, fir eis déi ëmmer méi alarmant Neiegkeeten unzekënnegen.
Et huet gedauert, bis de Premier Xavier Bettel (DP) sech ageschalt huet. D’Regierung huet progressiv an de Krisemodus ëmgeschalt. D’Moossname ginn ëmmer méi drastesch. Den Erzéiungsminister Claude Meisch (DP) erkläert, dass d’Schoulen an d’Crèchen zougemaach ginn. An enger éischter Phas geet vun Enn Mäerz riets, an enger zweeter bis Mëtt Abrëll.
De Premier geet kuerz drop e Schrack weider. Dat ëffentlecht Liewe gëtt weider ageschränkt. Restauranten, Caféen, Kinoen, Muséeë mussen d'Dieren zoumaachen. Och sportlech Manifestatioune ginn ofgesot.Kavalkaden falen um Enn vun der Fueszäit aus.
Et ginn nees Grenzkontrollen agefouert (op Initiative vun den Nopeschlänner).
Bleift doheem! Seet de Xavier Bettel zu engem Zäitpunkt, wou d’Awunner hei am Land fir d’éischt zanter Méint dobaussen Fréijoerstemperature kënne genéissen.
Op eemol gëtt et éischt Stéierungen an der Krisekommunikatioun vun der Regierung. Pressekonferenze ginn un- an duerno nees ofgesot oder geréckelt. Zuelen ginn net korrekt kommunikéiert.
Am Laf vun der leschter Woch adresséiere sech den Transportminister François Bausch (déi Gréng), de Wirtschaftsminister Franz Fayot (LSAP), den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP), de Sozial-a Landwirtschaftsminister Romain Schneider (LSAP), de Mëttelstandsminister Lex Delles (DP), d’Familljeministesch Corinne Cahen (DP) op diverse Plattformen un d’Vollek, fir ze präziséieren, dass alles dru gesat gëtt, fir dass keen am Ree stoe gelooss gëtt an d’Land net komplett stoe bleift.
De Finanzminister Pierre Gramegna (DP) soll an den nächsten Deeg nach weider Informatioune liwweren.
De Krisenzoustand gëtt ausgeruff. Déi politesch Oppositioun stëmmt zou.
No dräi Wochen ass (bal) alles offiziell kommunikéiert ginn. Eenzel Ministere bleiwen am Hannergrond (Marc Hansen, Fonction Publique, DP/Taina Bofferding, Interieur, LSAP/Sam Tanson, Justiz, Déi Gréng/Henri Kox, Wunnengsbau, Déi Gréng)
D’Haaptsuerge vun de Lëtzebuerger (d’Mobilitéit an Wunnengsnout) réckelen an den Hannergrond. Vun enger Klimakris ass näischt méi ze héieren.
Vläicht sinn et awer grad déi Ministere Carole Dieschbourg (Ëmwelt, Déi Gréng) a Claude Turmes (Energie, Déi Gréng), déi eis no der sanitärer, a méiglecherweis vill méi schlëmmer Wirtschaftskris (a Finanzkris?) an e puer Méint op d'mannst déi eng oder aner méi “positiv” Noriicht iwwert d’Klima kënnen ukënnegen.
An den Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) mellt sech reegelméisseg zu Wuert, fir eis drun ze erënneren, dass et och nach aner Krisen gëtt.
Haut, dräi Wochen nom Optakt vun der Kris zu Lëtzebuerg, bleift eng Fro ongekläert.Wéi gi mer alleguerten domadder eens, dass de Krisemodus vun elo un eigentlech Normalitéit ass?
Wat wëll de Bierger haut nach héieren?
Dat ass net eleng eng Erausfuerderung fir d’Politik (d’Krisekommunikatioun huet och Limitten), mä och fir eis Journalisten.
Wéi eng Message kommen nach un? Wéi laang wëllen d’Leit nach dat Wuert “covid19” am Stonnentakt am Livestream héieren, liesen, kucken?