Invité vun der Redaktioun (7. Abrëll)Christian Weis, Escher Buergermeeschter

Marc Hoscheid
En Dënschdeg de Moie war d'Stad Esch Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
© Andy Brücker

Et muss een éierlech sinn, wann een iwwer Sécherheet schwätzt. Jo, et ass eppes lass an enger grousser Stad wéi Esch. Et kéint een awer net soen, dass Esch méi onsécher ass, wéi vergläichbar Stied. Dat sot de Christian Weis en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.

Den Escher Buergermeeschter huet d’Police-Statistiken ervirgestrach. Déi géife beleeën, dass déi schlëmm Faiten net géifen zouhuelen. Et wéilt een awer trotzdeem um Sécherheetsgefill schaffen.

Sief et via d’Police local, oder awer och den neie Kamera-Iwwerwaachungssystem ronderëm d’Gare. An och d’Schoulhäff solle plazeweis gefilmt ginn. Virun allem déi lokal Police wier awer e Succès.

Zu Esch stinn iwwerdeems Ännerungen am Schäfferot un. Mam André Zwally, dem Pim Knaff an dem Meris Sehovic wäerten direkt 3 Escher Schäffen zäitno ophalen, respektiv ausgewiesselt ginn. Wéini genee, dat géif hien de jeeweilege Schäfferéit iwwerloossen. Politesch géif dat awer net vill änneren. Schwaarz-Blo-Gréng wäert zu Esch weider de Koalitiounsaccord ëmsetzen.

Invité vun der Redaktioun: Christian Weis

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO