D’Pëtrolspräisser dinn de Baueren aktuell méi wéi ewéi déi vum Dünger. Dat sot de Christian Hahn e Freideg de Moien als Invité vun der Redaktioun. Hien ass President vun der Landwirtschaftskammer. Dünger hunn d’Betriber dacks scho mat Virsprong akaaft a stockéiert.
Trotz de Baissen dëse Freideg bei Diesel a Masutt vun all Kéiers ongeféier 30 Cent de Liter, leien d‘Präisser nach däitlech iwwert deene vu virun e puer Méint. De Christian Hahn gëtt ze bedenken, dass awer grad elo vill Trakteren op de Felder ënnerwee sinn. Deemno gëtt aktuell vill Diesel gebraucht.
De President vun der Lëtzebuerger Landwirtschaftskammer huet net direkt staatlech Hëllefe fir d‘Betriber gefuerdert. Sollten awer Mesuren en place gesat ginn, da sollten déi Kéier d’Baueren net vergiess ginn, esou den Appell vum Christian Hahn un d’Regierung.
Hien huet begréisst, dass et nei Reegele fir d’Bauen an der Gréngzon soll ginn. D’Bauere fuerdere jo scho méi laang, dass nei Konstruktioune respektiv Renovatiounen an Ëmbauten op d’mannst fir si méi einfach sinn, fir dass si hir Betriber kënne weiderentwéckelen respektiv moderniséieren.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.