Déi Chrëschtlech-Sozial Jugend fuerdert dofir elo en Neiufank. A bei där Geleeënheet sollen och jonk Politikerinnen a Politiker méi Responsabilitéit un der Spëtzt vun der grousser Partei kréien. Dat sot de President vun der CSJ Alex Donnersbach RTL géintiwwer.
En Vue vum CSV-Nationalkongress misst sech elo eng Ekipp fannen, esou den Alex Donnersbach, deen un e Mix aus jonke Gesiichter a méi erfuerene Leit denkt. Wichteg wär, dass Leit un der Spëtzt vun der CSV stinn, déi bereet wieren, zesummen ze schaffen.
Den Alex Donnersbach widderhëlt eng laang Fuerderung vun der Chrëschtlech-Sozialer Jugend, nämlech dass d'Kandidate fir de Poste vum President a vum Generalsekretär och als Team untrieden.
Den Nationalcomité vun der CSV war e Méindeg iwwert d'Mëttesstonn nees beieneen. Geleet war dee vum Elisabeth Margue an dem Stéphanie Weydert, déi d'Aufgabe vum Frank Engel kommissaresch iwwerhuelen. D'Vizepresidentin Elisabeth Margue wollt sech RTL géintiwwer net iwwer de Contenu vun der Sëtzung äusseren. Si géing dat bedaueren, mä et wéilt een elo fir d'éischt ofwaarden, wéi eng rechtlech Suitten d'Affär kritt. De Parquet hat eng Instruction préliminaire opgemaach. Et gouf och Perquisitiounen an der Parteizentral.
Dem Elisabeth Margue no wéilt een och parteiintern, iwwerall do, wou et Doutte ginn, genee nokucken an dëser Affär.
D'CSV-Vizepresidentin ënnerstëtzt awer d'Iddi vun der CSJ, dass eng Ekipp d'Rudder an der Partei iwwerfëllt, an där och Jonker sinn.
RTL-Informatiounen no huet d'CSJ selwer awer aktuell keng Kandidatin, respektiv kee Kandidat an d'Course geschéckt.
Den Nationalkongress vun der CSV ass de 24. Abrëll.