Mat 48 Votten dofirChamber stëmmt fir Verankerung vu Fräiheet fir ofzedreiwen an d'Verfassung

François Aulner
Julie Thilges
D'Fräiheet fir ofzedreiwen, gëtt an d'Constitutioun ageschriwwen. Doriwwer gouf en Dënschdeg am Nomëtten an der Chamber votéiert.
Chamber stëmmt fir Verankerung vu Fräiheet fir ofzedreiwen an d'Verfassung
D’Fräiheet fir ofzedreiwen, gëtt an d’Constitutioun ageschriwwen. Doriwwer gouf en Dënschdeg am Nomëtten an der Chamber votéiert.

No deels hetzegen Echangen tëscht Députéierte vun CSV, DP a Gréng mam ADR-Fraktiounschef Fred Keup hu 48 Députéiert fir d’Ännerung vun der Verfassung gestëmmt. Déi 5 ADR-Deputéiert an den DP-Deputéierte Gerard Schockmel hu mat Nee gestemmt. De Jeff Boonen an de Paul Galles vun der CSV hu sech enthalen. 4 Deputéiert déi net konnten haut do sinn, konnten net mat ofstëmmen, well bei Votten iwwer d’Verfassung Prokuratiounen net erlaabt sinn. Dat waren den Emile Eicher, Jean-Paul Schaaf a Michel Wolter vun der CSV an de Piratendeputéierte Sven Clement.

Aus der Propositioun vun déi Lénk fir den Avortement als Recht an d’Verfassung anzeschreiwen, gouf eng Fräiheet. Dat war e Kompromëss mat der CSV. D’Zil ass, d’Fräiheet vun de Frae fir eng Schwangerschaft kënne ewéi d’Gesetz et virgesäit ofzebriechen, ofzesécheren.

Back to Top
CIM LOGO