Bis den 2. AbrëllChamber hëlt Verlängere vu Covid-Restriktiounen u mat de Majoritéitsstëmmen

RTL Lëtzebuerg
Et ass domat dat 10. Covid-Restriktiounsgesetz. Déi aktuell Dispositioune gi bis Karfreideg den 2. Abrëll verlängert.
Chamber hëlt Verlängere vu Covid-Restriktiounen un
Et ass domat dat 10. Covid-Restriktiounsgesetz. Déi aktuell Dispositioune gi bis Karfreideg den 2. Abrëll verlängert.

D’Covid-Gesetz gouf an der Chamber wéineg iwwerraschend mat de Stëmme vun der Majoritéit ugeholl.

Chamber votéiert d'Covid-Gesetz - Reportage Monica Camposeo

Et ass net de Moment fir labber ze loossen, esou de Rapporteur vum Gesetz Mars di Bartolomeo an senger Ugangsried virum Vott vum Covid-Gesetz an der Chamber. Virun allem d’Variante géing Suerge maachen, well dës elo méi vertruede sinn. Ausserdeem hunn d’Cluster an den Alters- a Fleegeheemer gewisen, wéi séier sech de Virus verbreede a Schued uriichte kann.

D’CSV begréisst, dass d’Corona-Moossname verlängert ginn. Ma wat de Volet Schoul ugeet, huet sech de Claude Wiseler entsat gewisen, dass et nach keng legal Basis fir Mesure gëtt, wéi d’Maskeflicht, déi jo schonn iwwerall ëmgesat ginn. Eng legal Basis schafen, wier net eppes, wat d’Chamber géing wënschen, mee eppes wat absolut noutwenneg soll sinn.

Wat d’Impfcampagne ugeet, weist sech déi gréissten Oppositiounspartei mat der Strategie averstan, ma et misst een awer elo e Gang eropschalten, zum Beispill andeems een aner Acteuren ewéi Apdikten an Dokterpraxen mat an d’Boot hëlt. Testen ass wichteg, mee Impfen ass méi wichteg. Wa méi Impfstoff do ass, dierft et net u Personalmanktem scheiteren. An deem Fall misst een dann dorun denken, d’Personal vum Large Scale Testing anescht anzebannen, fir dass méi séier ka geimpft sinn.

D’Exit-Strategie wier och net kloer genuch. Et kann ee jo awer dovunner ausgoen, dass geschwënn méi Leit geimpft sinn, esou de Claude Wiseler. Da géing sech d’Fro stellen, ob een dëse Leit, déi jo kee Risk méi mat sech droen, net méi Rechter zeréck gëtt.

D’CSV huet d’Covid-Gesetz dowéinst net mat gestëmmt.

De Gilles Baum vun der DP kann d’Kritik vun der CSV net verstoen. Hien géing sech wënschen inhaltlech Punkten kënnen ze diskutéieren, ma d’Oppositioun géing sech awer nëmmen op d’Form festleeën, esou den DP-Deputéierten. Och de Georges Engel ass der Meenung, dass d’Mesurë vun der Populatioun matgedroen ginn. Dat géing een dorunner gesinn, dass sech allgemeng un d’Reegele gehale gëtt. An engem Recapitulatif huet den LSAP-Deputéierten widderholl, wéi large d’Mesuren bei eis am Land dach waren a sinn am Verglach mam Ausland. Et wier d’Verantwortung vun der Regierung, och op déi psychesch Gesondheet ze kucken an déi richteg Balance ze fannen.

D’Josée Lorsché plädéiert dann dofir sech méi op d’Léisung vun der Pandemie ze konzentréieren, amplaz Formalitéiten an de Virdergrond ze réckelen. Ausserdeem soll iwwert méi Méiglechkeete nogeduecht ginn, fir de Kanner an der Schoul méi Normalitéit ze bidden, dat zum Beispill mat kulturelle Sortien.

Kritik koum awer weiderhin vun der Oppositioun.

D’ADR betount vehement Fräiheetsaschränkungen, déi notamment de Privatberäich touchéieren, net kënnen z’acceptéieren. Dowéinst gëtt d’Verlängerung vum Covid-Gesetz net matgedroen.

D’Limitatiounen an der Pandemie sollten dann all Kéiers op e neits koherent rechtfäerdegt ginn, esou de Marc Baum vun Déi Lénk. De Couvre-Feu wier ee Beispill vun engem Agrëff an déi perséinlech Fräiheet, deen wäitleefeg Spueren géing hannerloossen:

No engem Joer Pandemie kéint et dann och net sinn, dass den Educatiounsministère en Text presentéiert, deen esou net komplett ass, dass en zeréckgezu gëtt. Fir de Marc Baum huet d’Regierung net bäigeléiert, dat wier Staatsversoen.

Dass verschidde Leit sech beim Impfen virgedrängelt hätten, ass vu méi Parteien, wéi Déi Lénk an Déi Gréng, schaarf kritiséiert ginn.

Déi moralesch an ethesch Froen, déi sech ronderëm d’Impfreiefolleg stellen, sinn och fir d’Piratepartei Punkten, déi am Gesetz hätte kënnen erweidert, respektiv mol drageschriwwe ginn. De Sven Clement kritiséiert dowéinst, dass d’Gesetz “net vill méi ännert wéi en Datum”. 2 Motiounen goufen dann och vun der Piratepartei agereecht, fir kloer festzeleeën, wien geimpft gëtt, wann Dosen am Enn vum Dag iwwreg sinn a wéi mat Drängler ëmgaange gëtt.

D’Oppositiounsparteien hunn da grondsätzlech méi Previsibilitéit fir déi verschidde Secteuren an d’Privatleit gefuerdert, notamment och wat d’Impfen ugeet.

De Premier Xavier Bettel äntwert dorop, dass et net méiglech wier, méi previsibel ze sinn. Et géinge nämlech ze vill Incertitudë ginn, zum Beispill wa Pharmakonzerner matdeelen, dass manner Vaccin ka geliwwert ginn. Dat wier net ongewéinlech.

De Xavier Bettel
Chamber stëmmt iwwert Verlängere vu Covid-Restriktiounen of.

Et géing den Ament un Impfstoff a net u Kapazitéite feelen, esou de Premierminister. Géint d’Propose de Large Scale Testing op Äis ze leen, wa méi Personal an de Centres de Vaccination gebraucht ginn, wier hien prinzipiell net. An Zukunft soll och Zäit gewonne ginn, andeems Froe ronderëm de Gesondheetszoustand schonn am Viraus vum Patient solle beäntwert ginn an net méi op der Plaz.

D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet sech an der Plenière kuerz gefaasst an just nach emol widderholl, dass ee Chance hätt, dass d’Situatioun bei eis am Land stabel ass. Ma et wier net de Moment fir Lockerungen, do wier een sech och an der Santéscommissioun eens.

Back to Top
CIM LOGO