
Kuerz no 18 Auer krute sech op der Tréierer A1 a Richtung Stad zwee Gefierer ze paken. Eng Persoun gouf heibäi verwonnt. E weideren Accident gouf et nach kuerz no 20 Auer, déi Kéier zu Diddeleng an der Rue de Boudersberg. Do ass en Auto an engem Feld gelant an och hei ass ee Blesséierten ze bekloen.
Da gouf et nach e puer Dampentwécklungen. Dat eemol zu Bartreng, wou et an engem Camion gedämpt hat an nach emol an der Millebaach, wou Damp op engem Chantier ze gesi war. No Damp hat et dem CGDIS no och nach zu Dikrech an der Avenue de la Gare gericht.
Spéider koum et nach zu dräi weideren Accidenter. Kuerz viru 7 Auer war et eng Kollisioun tëscht engem Auto an engem Camion zu Esch um Boulevard Prince Henri. Géint 8:50 Auer ass ee Won tëscht Schweech an Habscht op d'Kopp gaangen, ee weidere géint 9:20 Auer tëscht Furen a Bëttel.
Bei dëse Virfäll gouf et allkéiers ee Blesséierten.