
Um 16:18 Auer huet en Auto op der A3 a Richtung Stad Lëtzebuerg gebrannt, dat op der Héicht vun Diddeleng. Am Asaz waren d'Ekippe vu Beetebuerg, Keel, Esch an Diddeleng, blesséiert gouf keen.
Da gouf et nach en Autosaccident um CR105 tëscht dem Mariendall a Recken, hei ass eng Persoun zu Schued komm. Op der Plaz waren d'Secouriste vu Béiwen-Atert a vun Tënten.