De Risk vu Bëschbränn wéi a Südeuropa ass hei am Land méi kleng, well mir keng Monokulturen an och Fräiflächen hunn, berouegen d'Lëtzebuerger Bëschspezialisten. Een Drëttel vun der Fläch vum Grand-Duché si Bëscher, méi wéi d'Hallschent ass a Privathand an de Gros si Lafbeem. Dëst sinn Fakten, déi keng onwichteg Roll spillen, wa vun eventuelle Bëschbränn riets geet. An awer sinn d'Leit vum CGDIS op esou Asätz preparéiert.
Jo, eis Bëscher si schéin. Iwwer 92.000 Hektar Laf- an Nolebeem mat, an dat géif, wann et brennt, vill hëllefen. Mat ville Fräiflächen dotëscht. Mee da stinn ëmmer nees där Doudeger dotëscht. Schwaach well et hinnen u Waasser feelt, sinn d'Fichten e liicht Affer fir de Borkenkäfer. Allerdéngs, erklären déi Responsabel vun der Naturverwaltung, wieren déi dier Nolebeem am geféierlechsten, wann nach Nolen dru sinn.
Iwwregens: och fir doudeg Fichten ewechzemaachen, brauch een eng Autorisatioun. Dat leeft iwwer d'Prozedur vun der Coupe d'urgence. Fir d'ANF ass et kloer: och op esou Flächen ass nach Liewen an et gëtt Schied,fir dat ze schützen, wat no kënnt. Hei ass d'Stéchwuert "resilient Bëscher". E Mix aus jonken an alen, kranken a gesonnte Beem.
Fir de CGDIS ass dat e bësse méi komplizéiert. Hei d'Erklärung, um Beispill vum Brand um Feld zu Konsdref, wou ëmmerhin 75 Pompjeeën am Asaz waren. Schlëmm war et an deem Sënn, dass et an de Bësch iwwergaangen ass an ugefaangen huet, am Ënnerholz an an de Beem ze brennen. Lafbeem brenne manner, Nolbëscher brenne méi séier.
Fichten, déi de Borkenkäfer haten, géingen natierlech e gewësse Risiko matsechbréngen. Do géif et jo awer eng Reglementatioun ginn, no där se missten ewechgemaach ginn, fir de Käfer ze stoppen a wéinst der Brandgefor, erkläert de CGDIS-Generaldirekter Paul Schroeder. An awer stinn der iwwerall, där doudeger Fichten.
Mir sinn equipéiert, soen déi vum CGDIS. Déi vu Lëntgen weisen eis hir dräi speziell Gefierer, fir an de Bësch eranzefueren. 25 vun deene ronn 100 Asazzentren hunn därer. A si all kruten Uerder, de Summer iwwer prett ze sinn. Extra Pneuen, fir op den Terrain ze fueren, deemno wéi hu se och méi Waasser dobäi. Dat wier schwiereg, an d'Landschaft ze bréngen, anescht wéi an der Stad, seet de Generaldirekter vum CGDIS. Bis zu 10.000 Liter wiere méiglech, mat Camionen mat ze féieren.
D'Bëschweeër wieren allgemeng an engem gudden Zoustand, a speziell Schneisen schloen, wier net néideg, seet de Chef vum CGDIS. Wat bleift, ass d'Oppfuerderung u sämtlech Bëschbesëtzer, sech anstänneg ëm hir Proprietéit ze këmmeren.