
Schonn am Mäerz war d'Geschäft op der Place Guillaume zougemaach ginn, woubäi hei awer keng Persounen entlooss goufen. Wéi et awer elo mat den 11 Salariéen, déi op der Gare schaffen, weidergeet, ass nach net gewosst. "Et wier een an der Diskussioun", seet den David Angel vum OGBL. Esou bleift kee Geschäft vum C&A an der Stad, ma just nach eent zu Bartreng.
Iwwerhaapt wieren am Quartier rezent vill Geschäfter verschwonnen, dorënner "Veritas" an "H&M" am Summer, "Z" a "Chaussures Goedert" Enn dës Joers an de Carrefour Express, deem seng temporär Fermeture nach ëmmer undauert, esou de Gewerkschaftler am Paperjam.