
Vill Entreprisen am Land mussen och nach déi nächst Wochen a Méint finanziell ënnert d'Äerm gegraff kréien. Dee Constat mécht d'Chambre de Commerce an huet dofir 11 zousätzlech Mesurë formuléiert.
Als éischt Mesure proposéiert d'Chambre de Commerce eng Flexibilisatioun vum Chômage partiel, der Kuerzaarbecht. Dës Mesure misst op d'mannst bis d'Enn vum Joer bestoe bleiwen.
Der Handelskummer no misst d'Regierung déi fix Käschten erliichteren a bei de Liquiditéiten hëllefen, zu Gonschte vun deene Betriber, déi hir Dieren nach méi laang mussen zouloossen. Si fuerdert och, dass d'Entreprisen, déi Aidë mussen zeréckbezuelen, dat flexibel kënne maachen.
D'Chambre de Commerce kritiséiert, dass net all d'Secteuren an net all d'Commercen d'selwecht behandelt ginn, wat d'Ouverturen ugeet. D'Situatioun géif nach verschlëmmert ginn, wann d'Commercen an der Grenzregioun nees dierfen opmaachen. Dofir recommandéiert d'Chambre de Commerce, dass Butteker a Restauranten nees kënnen opmaachen, an deenen déi sanitär Reegele kënnen agehale ginn. Do virop dass d'Distanz vun op d'mannst zwee Meter tëscht de Persoune kann agehale ginn.
Donieft schwätzt d'Handelskummer sech fir d'Schafe vun engem Fong aus, mat deem d'Lëtzebuerger Wirtschaft stabiliséiert soll ginn.
De Staat sollt den Entreprisen och steierlech entgéint kommen, fir hir Pertë vun dësem Geschäftsjoer offänken ze kënnen.
Déi 11 Mesuren, déi d'Chambre de Commerce am Kader vun der wirtschaftlecher Relance no der Corona-Kris proposéiert, fënnt een op hirem Internetsite. Do ginn d’Proposen a Form vu kuerze Videoen explizéiert.
Wann een de Stabilitéits- a Wuesstemsplang kuckt, deen d'Regierung en Donneschdeg op Bréissel geschéckt huet, da gesäit een, wat fir e staarken Impakt déi aktuell Kris op d'Wirtschaft an op d'Staatsfinanzen huet. Dat seet de Carlo Thelen, den Direkter vun der Chambre de Commerce, deen elo och d'Rentemauer erëm méi no komme gesäit. Hie kënnt zur Conclusioun, datt weider Hëllefen fir d'Betriber néideg sinn.
Carlo Thelen:"Et sinn den Ament nach vill Betriber, déi zou sinn a souguer, wann et zu engem Deconfinement kënnt, kënne se net vun 0 op 100 erëm opgoen. Dat heescht, da gëtt et eng ganz progressiv a partiell Ouverturë bei de Betriber an et geet elo drëms, fir esou vill wéi méiglech Substanz ze rette bei de Betriber. Dat heescht, datt se sech kënnen opstellen, datt se aus där Kris hei kënnen erauskommen an datt se och kënne fit sinn, fir d'Relance matzegestalten, déi mer onbedéngt brauchen an dofir si weider direkt 'non-remboursabel' Hëllefen néideg, och wann dat en Impakt op de Budget huet. Et muss een deenen awer elo hëllefen, cibléiert natierlech. Et muss ee sektoriell kucken, wou d'Betriber am meeschte betraff sinn. Dat ass notamment am Commerce 'non-alimentaire', dat ass am Horesca-Beräich, am Evenementiel an a verschiddenen Handwierksbetriber. Do muss ee cibléiert Paqueten ausschaffen, déi méi wäit ginn, wéi dat wat bis elo annoncéiert war."
Steiererhéijungen, esou de Carlo Thelen weider, déi wieren elo Gëft fir d'Betriber, grad an der Phas vun der Relance.
