WocheréckbléckBrittesch Variant mécht 85,3% vu sequenzéierten Tester aus

RTL Lëtzebuerg
An der Woch vum 26. Abrëll goufe 50.968 Tester gemaach, wouvunner der 1.119 positiv waren. Déi Woch virdru waren et nach 54.045 Tester mat 1.231 positiven.

Déi Woch sinn dann och 9 Leit un de Suitte vum Covid gestuerwen, e Plus vu 4 Persounen. An der Moyenne hate si 76 Joer. An de Spideeler huet een eng Baisse gesinn. An de Soins normaux hat een déi leschte Woch 58 Leit, déi Woch virdrun nach 71. Op den Intensivstatioune si se vu 36 op 34 erofgoen.

Fir d'Referenzperiod louch de Reproduktiounstaux bei 0,93, de Positivitéitstaux vun den Tester (per Ordonnance, Large Scale Testing oder Contact Tracing) ass op 2,2 Prozent gefall. Eleng bei den Ordonnance goung ee vu 6,27 op 5,32 Prozent erof.

Den Inzidenzwäert louch bei 176 Fäll op 100.000 Persounen op 7 Deeg, déi Woch virdru war en nach op 194. Déi gréisste Baisse vu positive Fäll gouf et an der Altersgrupp vu Leit iwwer 75 mat 41 Prozent. Bei de Leit tëscht 60 a 74 Joer ass den Taux ëm 25 Prozent erofgaangen. An dësen zwou Alterskategorien gouf et 58, respektiv 77 positiv Fäll op 100.000 Awunner gekuckt.

An där Woch waren 2.734 Leit am Isolement (-4%) an 3.641 a Quarantän (+28%).

Wat d'Iwwerdroe vum Virus ugeet, esou kommen déi meeschten Neiinfektiounen aus dem familiären Ëmkrees mat 42,2%, dono kommen d'Schoule mat 4,8%, d'Aarbecht mat 4,7% an d'Fräizäitaktivitéite mat 3,7%. Fäll, wou een net kann novollzéien, wou sech d'Leit ugestach hunn, maachen 39,8 Prozent aus.

An der Referenzwoch goufe 21.750 Dose verimpft, dovunner 3.891 fir en zweete Vaccin.

Wat d'Variante betrëfft, esou mécht déi brittesch Variant ronn 85,3 Prozent aus, déi Südafrikanesch 10,4 Prozent an déi Brasilianesch 1,2 Prozent. Dobäi kommen 3 Fäll vun der indescher Mutatioun. Dës sinn d'Resultater vu 605 Prouwen, déi an där Woch geholl goufen.

Déi zwee Covid-Zenteren um Kierchbierg an Esch ginn vun 17. Mee un zougemaach! Wie corona-symptomatesch ass, soll sech bei sengem Generalist mellen.

PDF: D'Retrospective vun der Woch vum 26. Abrëll bis 2. Mee

Back to Top
CIM LOGO