Covid zu LëtzebuergBrittesch Variant (B.1.1.7) mécht ronn 80,8 Prozent vun de Fäll aus

RTL Lëtzebuerg
Dat huet den LNS matgedeelt, déi jo eng Rei vun de Prouwen sequenzéieren. An der Woch 17 vun dësem Joer huet een 52,6% vun alle Prouwen analyséiert.

Nieft der brittescher Variant fënnt een och an eppes iwwer 10 Prozent vun alle Fäll de B.1.351, och als südafrikanesch Mutatioun bekannt. Déi brasilianesch Variant, P.1., gouf an 2,6 Prozent vun de Fäll fonnt.

Wéi et vum LNS heescht, hätt een 678 Prouwe sequenzéiert, dovunner 588 aus der Woch 17 vun dësem Kalennerjoer. Dat maachen 52,6% vun alle positiv geteste Prouwen aus.

LINK: Den aktualiséierte ReViLux-Rapport um Site vum LNS

PDF: Den detailléierte ReViLux-Rapport vun der Woch 17

Back to Top
CIM LOGO