CGDISBlesséierten no Kollisioun tëscht zwee Autoen tëscht Rodange an Déifferdeng

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt um Samschdegowend ee Blesséierten an engem Accident tëscht zwee Autoen um CR176, wärend et parallel zu e puer Bränn uechter d'Land koum.
© Laurent Weber

De CGDIS mellt ee Blesséierten an engem Accident tëscht zwee Autoen, dat um CR176 vu Rodange op Déifferdeng um 22.44 Auer. D’Sekuristen aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng a vu Péiteng waren op der Plaz.

Donieft koum et zu sëllege Feier uechter d’Land. An der Rue des Prunelles zu Zéisseng huet kuerz viru 17 Auer e Samschdeg en Haus gebrannt. D’Ekippen aus der Stad a vun Hesper waren am Asaz, blesséiert gouf keen.

Kuerz virun 20 Auer huet e Bam an der Rue de la Gare zu Méischtref gebrannt. D’Pompjeeë vu Bettenduerf waren op der Plaz, fir sech ëm d’Feier ze këmmeren.

Zu Déifferdeng an der Rue Emile Mark huet um 21.15 Auer eng Poubelle gebrannt, hei waren d’Pompjeeën aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng op der Plaz. En änlechen Asaz gouf et kuerz virun Hallefnuecht an der Avenue J.F. Kennedy zu Ettelbréck, wou d’Ekippen aus der Nordstad sech drëm gekëmmert hunn.

Back to Top
CIM LOGO