Kompetenz-Zenter fir neurodegenerativ Krankheeten"Bis zu 45 Prozent vun de Fäll vun Demenz kënne reduzéiert ginn", esou de Professer Krüger

Céline Eischen
Raphaëlle Dickes
Wann een am Alter ëmmer méi vergiesslech gëtt, da kënnt emol séier d’Angscht op, datt et den Ufank vun enger Demenz-Erkrankung kéint sinn. Fir esou Fäll gëtt et de Programm "Démence Prévention".

Wéi kann ee preventiv géint eng Demenz virgoen?

Am Kompetenz-Zenter kann ee mat Tester feststelle loossen, op engem seng kognitiv Fäegkeeten nach an der Norm sinn an awer och aktiv un der Preventioun vun enger Demenz-Erkrankung schaffen.

Wéi kann ee preventiv géint eng Demenz virgoen?
Wann een am Alter ëmmer méi vergiesslech gëtt, da kënnt emol séier d’Angscht op, datt et den Ufank vun enger Demenz-Erkrankung kéint sinn. Fir esou Fäll gëtt et

D’Danielle huet virun dräi Joer d’Diagnos Parkinson kritt. Dofir kënnt si zwee Mol d’Joer am CHL an en Zenter, fir no hirer Medikamentatioun ze kucken. Dësen Zenter ass Deel vun engem Kompetenz-Reseau fir Neurodegenerativ Krankheeten, an deem och den Demenz-Preventiounsprogramm ass. Dëse Reseau ass een Zesummeschloss vu méi Spideeler an dem Luxembourg Institute of Health.

D’Danielle Kies, Parkinson-Patientin, déi am Demenz-Preventiounsprogramm matmécht, krut vun hirem Dokter geroden, dat ze maachen:

“Ech wollt eigentlech wëssen, ob ech nach um gudde Wee sinn oder net. A wann een dat mat Zäit weess, datt eng Demenz kënnt, dann denken ech, datt een nach e bësse virbeuge kann mat villen Übungen. Wann een dann duerno gesot kritt ‘et ass alles am gudde Beräich’, da fillt ee sech jo direkt besser.”

Zesumme mat Neuropsychologen gëtt hei an enger éischter Phase gekuckt, ob seriö Problemer virleien oder net, erkläert d’Amna Skrozic, Neuropsychologin:

“Eis Funktioun als Neuropsychologen ass engersäits ze verstoen, wéi sech dat am Alldag weist. An dann herno maache mer neuropsychologesch Tester, fir do wierklech ze erfuerschen: Wéi gesäit et aus mat dem Gediechtnes oder mat der Konzentratioun. A gesi mer, dass do objektiv Schwieregkeete virleien? Oder ass et méi subjektiv, wat een do bemierkt huet.”

Jee nodeem wat bei dësen Tester erauskënnt, kënnen eng Rei Mesurë geholl ginn, fir preventiv géint eng Demenz ze agéieren. D’Amna Skrozic, Neuropsychologin:

“Do maache mer da Proposen, Aktivitéiten, déi d’Leit maache kënnen. An dat leeft iwwer ee sougenannte Voucher-System. Dat heescht: D’Leit kréie Bonge vun eiser Säit, wou se dann d’Aktivitéiten iwwerall verstreet am Land maache kënnen an esou da kënnen dovu profitéieren.”

No engem Joer kënnt een dann nees an den Zenter, fir eng Evaluatioun ze maachen. D’Danielle mécht esou vill wéi méiglech Aktivitéite mat. Dës géifen hir och hëllefen an hir déi néideg Sécherheet ginn, datt si um gudde Wee wier.

Interview mam Professer Krüger: Duerch Preventioun Demenzerkrankung verhënneren

De Rejko Krüger ass Professer a Coordinateur vum Demenzpreventiounsprogramm. Senger Aschätzung no hu mer iwwer 9.000 Leit am Grand-Duché, déi un Alzheimer erkrankt sinn, wuel der bekanntster a verbreetster Form vun Demenz. Dobäi kommen dann och nach eng 3.000 Parkinsonpatienten, bei deenen am Laf vum Liewen och Demenz festgestallt ka ginn. Déi sougenannt neurodegenerativ Erkrankunge sinn aktuell schonn heefeg an et ginn der ëmmer méi festgestallt.

"Bis zu 45 Prozent vun den Demenzfeeler kënne reduzéiert ginn"
De Professer a Coordinateur vum Demenzpreventiounsprogramm Rejko Krüger iwwer d’Fréierkenne vun der Demenz an d’Erauszéie vun de Symptomer.

D’Zeeche fréi erkennen

Zu de Risikogruppe gehéieren déi Leit, déi e sougenannt “mild cognitive impairment” hunn. Dat si liicht Stéierunge vum Gediechtnes, “wéi wann een an de Keller geet an net méi weess, wat ee matbrénge wollt”, esou den Professer Krüger. A wann een déi Zeeche fréi erkennt, kann een do usetzen an de Leit eppes ubidden, “datt si dës Entwécklung bremse kënnen an esou d’Demenz méiglecherweis net erliewen”.

D’Ursaachen, wisou et zu den neurodegenerative Krankheete kënnt, sinn nach net ganz kloer. Dohier gëtt weltwäit an och hei am Land gefuerscht, fir genau dëst erauszefannen, erkläert de Reijko Krüger. Aktuell wéisst een awer, datt verschidden Eewäisser sech verpechen a sech op den Nervenzellen am Gehier oflageren. Fir Alzheimer a Parkinson weess een, wéi eng Eewäisser dat sinn. “An d’Fuerschung probéiert elo, hei anzegräifen an esou Oflagerungen ze verhënneren”.

Sozial Kontakter esou Héieren a Gesinn

Et kann een awer net alles beaflossen, gëtt de Professer Krüger ze bedenken. Awer verschidde Risikofacteuren, déi vun der Wëssenschaft beluecht sinn, si bekannt an et kann een eppes dogéint maachen. “Mir schwätzen hei vun Hoffnungsfacteuren, well mir déi behandele kënnen”. Zu deene Facteure gehéieren zum Beispill d’Fëmmen oder aner Indizien, wéi héije Bluttdrock, héije Bluttzocker oder héije Cholesterol. Dat kann een duerch Medikamenter gutt behandelen. Awer och kierperlech a geeschteg aktiv sinn hëlleft, d’Demenz ze verhënneren. “Et ass och ganz wichteg, aktiv um soziale Liewen deelzehuelen, sech ze engagéieren. Och dat ka virun Demenz schützen”.

Och d’Héieren an d’Gesinn sinn e Risikofacteur, déi een jéngst erkannt huet an déi ee behandele kann. D’Fuerscher ginn dovun aus, datt si ëmmer méi Risikofacteure wäerte kennen, déi een an dëse Programm integréiere kann. Fir an de Programm ze kommen, kënnen d’Leit iwwer hiren Hausdokter fueren, deen d’Verbindung hierstellt. Den Hausdokter spillt dann och eng wichteg Roll, well een zesumme mat dësem géint verschidde Risikofacteure ka virgoen.

“Bis zu 45 Prozent vun de Fäll vun Demenz kënne reduzéiert ginn”

D’Wëssenschaft weist, “datt mir bis zu 45 Prozent vun de Fäll vun Demenz reduzéiere kënnen, wa mir zesummen un dëse klenge Schrauwen dréinen”. D’Zil ass et, fir e méi laangt a gesond Alginn z’erméiglechen, esou de Professer. Wann een d’Demenzfacteure méi laang no hanne verréckele kann, wat et engem geléngt, eventuell ni d’Enn vun der Demenz z’erliewen.

Et ass wichteg, datt d’Leit d’Risike fréi erkennen, fir geziilt dogéint virzegoen an esou de Risiko, Demenz ze kréien, kënne reduzéieren. Aktuell geet een am Demenzpreventiounsprogramm hin a schwätzt Leit vu 40 oder 50 Joer un, sech de Risike bewosst ze ginn. Dofir huet een d’App “Brain Coach” entwéckelt, déi gratis ass, an mat där een sech e Risikoprofil erstelle kann an och Tipps ka kréien.

Demenz net heelbar, awer Entwécklung ka gedrosselt ginn

Nach ëmmer sinn d’neurodegenerativ Krankheeten net heelbar. D’Fuerschung weltwäit schafft awer u Medikamenter, mat deenen ee d’Vitess, wéi d’Krankheet sech entwéckelt, drossele kann. Hei zu Lëtzebuerg gëtt et Medikamentenetüd mat engem neie Medikament, datt Antikierper forméiert, déi “déi verklompt Eewäisser beim Parkinson nees erausbréngt an esou dem Gehier soll hëllefen”, fir de Fortschrëtt vun der Demenz ze bremsen. “Sechs Mënschen zu Lëtzebuerg kréien dës Infusioun” an et hofft een, datt de positiven Trend aus der éischter Etüd sech confirméiert. Da kéint d’Medikament an dräi, véier oder fënnef Joer och an den Apdikten ze kréie sinn, esou nach de Coordinateur vum Demenzpreventiounsprogramm.

D’Recherche géint neurodegenerativ Krankheete virundreiwen, dat ass Zil vum Rotary-Projet “Espoir en Tête”. An deem Kader ass en Dënschdeg den Owend eng Table Ronde an der Chambre de Commerce, bei där de Professer Dokter Krüger och ee klenge Virtrag zum Thema “gesond Alteren” hält.

Back to Top
CIM LOGO