
17 nei Petitioune kënnen elo online ënnerschriwwe ginn. Am Ganze stinn dann elo 44 Petitiounen op, déi een um Internetsite vun der Chamber ënnerschreiwe kann. Komme 5.500 Ënnerschrëften zesummen, kënnt et zu engem ëffentlechen Debat an der Chamber.
D'Déiere si jo ëmmer ganz beléift bei de Petitiounen. An enger gëtt gefuerdert, datt ee mat engem Hond, dee maximal 12 Kilogramm weit, dierf normal am Fliger reesen.
En anere Petitionär fuerdert dann e Vidange-System fir Plastiksfläschen a Béchsen.
Donieft ginn ënner anerem e bessere Remboursement vun Zännkrounen, en Anti-Gewalt-Cours an de Schoulen oder d'Erlabe vu sougenannten Dashcamen op den Autoe verlaangt
Wéi ëmmer kann een d'Petitiounen 42 Deeg laang um Site "petitiounen.lu" ënnerschreiwen.