"Luxembourg International Climate Finance Days"Lëtzebuerg als Bréckebauer tëschent ëffentleche Suen a privatem Kapital

Dany Rasqué
"D'Welt brauch däitlech méi Sue fir d'Problemer unzegoen, déi duerch de Klimawandel entstinn." Dat sot den europäesche Kommissär fir Klima, Klimaneutralitéit a proppere Wuesstem, den Hollänner Wopke Hoekstra am RTL-Interview.
© Envato

Wéi een däitlech méi Suen an de Klimaschutz an an d'Upassung un de Klimawandel kann investéieren, doriwwer gëtt op der éischter Editioun vun de "Luxembourg International Climate Finance Days" diskutéiert, déi den Ëmweltministère organiséiert huet. E Mëttwoch den Owend war d'Ouverture.

Luxembourg International Climate Finance Days / Reportage: Dany Rasqué

Am Stater Cercle waren eng ganz Rei international Gäscht, notamment den europäesche Kommissär fir Klima, d'Presidentin vun der europäescher Investitiounsbank an eng Rei europäesch Ëmweltministeren, zum Beispill aus Estland a Litauen. De Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes huet drun erënnert, datt vill Länner - am Contraire zu Europa - net déi finanziell Mëttel hu fir géint de Klimawandel ze kämpfen.

"Déi net esou entwéckelt Länner an Afrika, och an Asien an a Latäinamerika, déi si paradoxerweis déi, déi am meeschte getraff si vum Klimawandel, dee si awer net am meeschte verursaacht hunn. An dowéinst gëtt et zënter dem Paräisser Accord och een Accord doriwwer, datt déi entwéckelt Länner, déi mat déi gréisste Responsabilitéit hunn, datt et zum Klimawandel komm ass, datt si een Deel vun hiren ëffentleche Suen, also Steiersuen, huelen, fir deene Länner ze hëllefen, datt och si sech schütze kënne géint de Klimawandel, respektiv hir CO2-Emissiounen och kënnen erofbréngen a si och nei Energië bei sech kënnen entwéckelen."

Et gi weltwäit nach honnerten, wann net dausende Milliarde gebraucht, seet de Serge Wilmes. An déi kéinten net just aus ëffentlecher Hand kommen, mä et géifen och privat Investisseure gebraucht ginn. Wéi dat Kapital ka mobiliséiert ginn, gëtt a Workshoppen, op Konferenzen an Table Ronden diskutéiert.

An Europa ass déi europäesch Investitiounsbank ee vun de wichtegste finanzielle Motoren hannert der grénger Transitioun. Si huet eng ganz enk Relatioun mat der Lëtzebuerger Bourse, seet hir Presidentin Nadia Calviño. E Partenariat, dat een am Beräich vun de grénge Finanzbonds consolidéiert hätt.

"Nach en Dënschden hu mer eng Emissioun vu gréngen Obligatioune gemaach an der Héicht vu 5 Milliarden Euro an d'Nofro war 7 Mol méi héich wéi d'Offer. Dat heescht, de Marché ass ganz intresséiert fir z'investéieren. Dat erlaabt eis, gréng Projeten an Investissementer ze finanzéieren, déi den Ament esou wichteg fir Europa sinn."

6 Prozent vun all den Emissioune kommen aus Europa. Am Verglach mat anere Länner op der Welt géif Europa och scho méi wéi e fairen Deel am Kampf géint de Klimawandel bäidroen, seet den zoustännegen EU-Kommissär Wopke Hoekstra, virop am Beräich vum Finanzement.

"Déi 27 EU-Länner bezuele graff en Drëttel vun de Suen, déi international fir de Klimaschutz an d'Upassung un de Klimawandel mobiliséiert ginn. Dofir mussen och anerer mat a méi maachen. Dat ass dat éischt.
Zweetens: et gëtt kee Kontinent mat vergläichbarer Gréisst, deen esou vill gemaach huet wéi mir, fir d'Emissiounen ze reduzéieren. Mir fueren domadder virun, mir spieren och, datt mer weider Verantwortung mussen iwwerhuelen, mä et kënnen net just mir sinn."

Europa géif och säi Bescht maachen, fir sech mat anere Partner zesummen ze dinn. De Wopke Hoekstra nennt Indien, Latäinamerika, Afrika an Asien. Just ee kritt een net un den Dësch. Nämlech dat Land, dat responsabel ass fir déi zweethéchsten Emissiounen op der Welt. Dat sinn d'USA mat ronn 12 Prozent.

Spëtzereider ass awer nach ëmmer China. Vun do kënnt een Drëttel vun de weltwäiten Emissiounen.

Back to Top
CIM LOGO