25 Joer si vergaangen zanter 9/11. D'Attentater vum 11. September 2001 op den World Trade Center an de Pentagon hunn ee Krich géint den Terror ausgeléist, notamment am Afghanistan an am Irak. Donieft weltwäit méi streng Sécherheetsmoossnamen a massiv Konsequenze fir déi international Politik. Wou sti mer haut 25 Joer méi spéit? Huet sech d'Welt wierklech fundamental geännert oder just eis Perceptioun am Westen? Doriwwer schwätze mir mam Denis Scuto. Den Historiker ass kuerz no 8 eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.