Terrorattacken zu New YorkErënnert Dir Iech drun, wéi Dir den 11. September 2001 erlieft hutt?
Et war en Dag, deen d'Welt wéi mir se kannt hunn, fir ëmmer verännert huet. Ma wien erënnert sech nach drun, wou hien deen Ament war?
Verëffentlecht: 11.09.26 08:39, Update: 11.09.26 09:24
D'Biller vun New York haten den 11. September 2001 d'Welt an Otem gehalen, wéi Terroriste mat zwee entféierte Fligeren an d'Tierm vum World Trade Center geflu sinn a knapp 3.000 Mënschen ëmbruecht hunn. Et war en Dag, dee ville vun eis am Gediechtnes bliwwen ass. Wësst Dir och nach, wou Dir deen Dag waart a wat Dir gemaach hutt, wéi Dir vun den Attacke gewuer gi sidd?
Maacht mat bei eiser Ëmfro:
Och vun de Leit dobausse wollte mir wëssen, wat si mam 11. September verbannen:
Op der Tëlee hat RTL deen Dag eng Spezialemissioun, fir iwwer d'Attentater ze berichten. Dës kënnt Dir hei nach emol am Replay kucken:
RTL-Spezialemissioun vum 11. September 2001
Kuckt de Journal vun deem Dag viru 25 Joer hei nach emol am Replay.