Interministeriell Cellule d’évaluation zu LëtzebuergKeng gesondheetlech Suitten duerch Damp, Fënsteren an Dieren awer zouloossen

RTL Lëtzebuerg
An engem Schreiwes, dat e Sonndeg um kuerz no 19:30 Auer säitens der Regierung un d'Press erausgaangen ass, reagéiert een op de Groussbrand am Héije Venn a schätzt déi méiglech Suitte fir Lëtzebuerg an.
Damp zu Clierf
Damp zu Clierf e Sonndeg
© Mobile Reporter

Wéinst dem grousse Bëschfeier am Héije Venn an der Belsch ass de Moment jo plazeweis e staarke Brandgeroch wouer ze huelen an Damp a verschiddenen Deeler vum Land ze bemierken. Déi lëtzebuergesch Autoritéite suivéieren d'Situatioun genee, heescht et e Sonndeg den Owend an enger Reaktioun säitens der Lëtzebuerger Regierung.

Incendie dans les Hautes Fagnes en Belgique : les autorités luxembourgeoises suivent la situation et formulent des recommandations à la population (16.08.2026)

Eng interministeriell Evaluatiounscellule huet sech de Sonndegnomëtteg getraff, fir méiglech Konsequenze fir de Grand-Duché ze bewäerten. No aktuellen Erkenntnisser gëtt et momentan keng gesondheetlech Bedenke fir d'Bevëlkerung. Allerdéngs kann den Damp d'Otemweeër reizen, besonnesch bei empfindleche Persounen.

Wéi d'Situatioun sech weiderentwéckelt, hänkt vum Wand of. Dësen soll am Laf vum Sonndeg den Owend Richtung Norden dréien, wat den Trajet vum Damp natierlech beaflosse wäert.

An der Cellule d’évaluation interministérielle dobäi waren: D'Ëmweltverwaltung, de CGDIS, d'Direktioun vun der Santé, den Haut-Commissariat à la protection nationale (HCPN) an d'MeteoLux.

D'Autoritéiten leeën Awunner déi vum Damp an dem Geroch betraff sinn, dës Verhalensreegele un d'Häerz:

  • Fënsteren an Diere vun der Wunneng komplett zouhalen.
  • Klimaanlagen a Ventilatiounen kuerzzäiteg aus maachen, fir datt keen Damp vu baussen eragezu gëtt
  • Aktivitéiten dobausse reduzéieren a laang sportlech Ustrengunge evitéieren
  • Besonnesch Opmierksamkeet op déi vulnerabel Populatioun riichten (also Puppelcher,kleng Kanner, eeler Leit, Schwanger Fraen oder Leit mat Otemweeër- an Häerzkrankheeten)
  • Eréischt dann nees grëndlech lëften, wann den Damp an de Geroch fort ass

Um Kuerz virun 20 Auer goung heizou och nach eemol eng LU-Alert SMS un d'Populatioun

© Screenshot

Den 112 net ouni Grond u uruffen

D'Rettungsdéngschter erënneren drun, datt de Brandgeroch eleng kee Grond ass fir, d'Noutruffnummer ze blockéieren. Den 112 soll nëmmen da geruff ginn, wann eng direkt Gefor besteet, eng Persoun an Nout ass oder en neien, lokale Brand festgestallt gëtt.

Weider offiziell Informatiounen an Updates ginn iwwer d'App "Meng Loft", MeteoLux an de Sécherheets-System LU-Alert kommunizéiert.

Hei Linken zu de Siten: www.emwelt.lu, www.infocrise.lu, www.lu-alert.lu, www.meteolux.lu

Back to Top
CIM LOGO