"Et gëtt just eng eenzeg Spezies, déi fir d’Corona-Pandemie responsabel ass- MIR." Esou fänkt e rezente Gaaschtartikel um Site vum Weltbiodiversitéitsrot un. Doranner heescht et, datt de Mënsch duerch seng Aktivitéite méi Leit an direkte Kontakt mat Déiere bruecht huet, déi Pathogener hunn. D’Wëssenschaftler ginn och dovunner aus, datt nach 1,7 Millioune Virussen bei Mamendéieren a Waasservulle net identifizéiert sinn, mat deene sech de Mënsch kéint infizéieren. Et ass net eréischt elo, datt de Weltbiodiversitéitsrot een Ëmdenke fuerdert.
Eng massiv Ofholzung vun de Bëscher, eng intensiv Landwirtschaft, Urbanisatioun, d’Natur déi ëmmer méi den Aktivitéite vun de Mënsche muss Plaz maachen. De Mënsch mécht sech ëmmer méi breet a riskéiert esou, net am Aklang mat der Natur ze liewen, au Contraire. Ma et ginn zwou Säite vun deem Ganzen. Méi Biodiversitéit, méi Déieren, méi Krankheeten. Wann d’Leit do méi an d’Biodiversitéit agräifen, riskéieren si sech mat de Pathogenen vun den Déieren unzestiechen, esou den Eric Schauls, Lëtzebuerger Vertrieder beim Weltbiodiversitéitsrot.
Op der anerer Säit gëtt et Etüden, déi soen, datt fir een eenzele Pathogen, d’Biodiversitéit méi grouss ass vun den Déieren, déi en hunn, de Risiko, datt en op de Mënsch oder datt en iwwerdroen gëtt, méi kleng gëtt. Zum Beispill bei den Zecken.
Donieft muss een awer och berécksiichtegen, datt d’Resistenze sech iwwert d’Joerdausende bei de Mënschen entwéckelt hunn. Et brauch allerdéngs seng Zäit, bis datt sech dat apendelt, esou den Eric Schauls.
Wou d’Europäer den Amazonas kolonialiséiert hunn, waren d’Leit nach net mat deene Vire betraff, well se nach net deen Austausch mat den Déieren haten, dee mir hunn an doduercher net immun waren. Iwwert d'Zäit pendelt sech dat an. Wat s de méi séier a méi dacks domadder a Kontakt bass, wat d’Virulenz méi grouss gëtt. Et huet och eppes mat der Globaliséierung ze dinn, wann de Virus op engem Marché an Asien ass an zwee Deeg drop zu New York.
1 Millioun Déieren- a Planzenaarte sinn den Ament vum Ausstierwe menacéiert. Virop duerch d'Aktivitéite vum Mënsch, huet sech déi biologesch Vilfalt vun der Fauna a Flora reduzéiert. Dat duerch d' Landbenotzung, d'Verschmotzung oder de Klimawandel. Dofir ass d'Politik elo gefuerdert. De Weltbiodiversitéitsrot hat schonn d’lescht Joer op eng néideg Ëmstellung opmierksam gemaach. Mä och all eenzele ka Säint dozou bäidroen, andeems en iwwerdenkt, wéi a wat en akeeft.
